14/08/2021
Viru puer Wochen hunn ech eng nei Rees zu mir ugefaang. Dat di lescht Méint u mengen Nerven gezehrt hunn ass net verwonnerlech. Mir hunn all vill erliewt a matgemaach. Emsou méi huet et mech gefreet wéi ech op der Säit vu Séileflillek gelies hunn, dat d’Myriam e Naturresilienztraining bei de Baggerweieren zu Remerschen ubidd. Ech hunn direkt meng Ticketën fir déi 8 Séancen gebucht an wat ech do erliewen ass einfach nëmmen schéin, beréierend an virun Allem beräicherend. Ech wäert um Enn vum Training, Mëtt September bessi méi en laange Bericht op menger Fiederliicht-Säit schreiwen, mee hei dann mol eng kleng Tëschebilanz.
Ech wëll dir awer fir d’éischt e kuerzen Abléck an d’Naturresilienz ginn. Wat ass dat eigentlech a wat kann ech domat erreechen? Wat bréngt dat mir?
Resilienztraining hëlleft mir dobäi nei Weeër a Perspektiven ze fannen, wéi ech an Zukunft besser mat schwieregen Situatiounen emgoe kann. Meng Fähegkeeten sou ze trainéieren, dat ech och an enger Krise standhale kann, a nach besser, gestäerkt a mat neien Erfahrungen aus däer Krise erausgoe kann.
D’Palette schéngt mer grouss ze sinn, mee nach huet d’Myriam mer nit alles verroden :-)
Et ass spannend, nei Ressourcen a mir selwer z’entdecken fir d’Léisungen net nëmmen am Baussen ze sichen, mee ze kucken „Wat kann ech lo maan fir dat Bescht aus der Saach ze zéihen? Wou kann ech nei Kraaft schöpfen? Wou a wéi kéint ech méi flexibel ginn?“
Dass deen Training an der Natur stattfënd an dann och nach op sou enger schéiner Plaatz ënnerstützt de Projet em sou méi. D’Natur ass u sech schon eng Kraaftquell. Ech kommen do rof, fillen mech a geschütztem Raum, fanne Rouh aus dem Alldag, der Aarbëcht, dem Chaos am Stroosseverkéiher a wat mech soss sou belaascht. D’Natur ass scho Wellness fir meng Séil.
All Séance fänkt d’Myriam mat enger Gehmeditatioun un. E puer Minutten fir elleng, buerféiss iwwer d’Wiss ze trëppelen. Bewosst all Grashalm, Steenchen, Buedem ënener der ganzer Fousssuel ze spieren. Gëschter ass mer zum Béispill opgefall, dat meng Fousssuelen vill mi sensibel wi soss woren an ech am Ufank vill mi douce versicht hunn opzetrëppelen. Mee no enger Zäit hunn ech mech net nëmmen entspaant, mee de Buedem ënner de Féiss huet nimmi wéih gedon, sondern wor eng kleng Massage.
Immens wertvoll ass dann och den Austausch am Grupp. Jidfereen kann Tipps an dat grousst Dëppen ginn aus dem mer, no Bedarf eis kënnen ressourcéieren. Während sou engem Austausch ass gëschter Thema opkomm, dat ee kéint Angscht hunn eng falsch Entscheedung op sengem Wee ze treffen. E Fehler ze maan.
Do denken ech perséinlech, dat wann ech vläit en Zeeche verpassen oder och eng Entscheedung treffen, déi sech am Nachhinein nit als di ideal rausstellt, ech awer em eng Erfahrung mi räich sinn an ech op mannst draus geléiert hunn, wat ech fir d’Zukunft nimmi wëll. Wa mer d’Buchstawen vum Fehler vermëschen, entseet e neit Wuert draus „Helfer“. Ech bewerten meng Erfahrung, och wann ech se dee Moment nit sou positiv empfannen, als en Helfer. Duerch di Erfahrung hunn ech eng Lektioun dierfe léieren, déi mer a menger Weiderentwécklung weidehëlleft.
Wien Loscht huet kann sech freides selwer bei d’Myriam iwwerzeege kommen an wertvoll Tipps mat op de Wee kréien. Infos dozou fënns de :
https://www.facebook.com/S%C3%A9ileflillek-104263467912596
Ticketën kanns de op der Plaatz kafen oder online ënner:
https://www.visitmoselle.lu/de/erleben/ticket-shop/details-tickets?product=173688&account=2&fbclid=IwAR11eFAKNo5ECMDO2rDRgkmEly9NYAUqDklWif_X_3XLH4rOOVU0lTCXHDA
D’Fotoen huet d’Myriam mer aus sengem Cours zur Verfügung gestallt.