Haus um Sand

Haus um Sand Stéphanie Hallé-Fabbri
Doula
••••••••••••••••••••••••••
Gutt begleet vun Ufank un
Schwangerschaft-Gebuert-Wochebett-Elterenzäit Ech si Mamm vun zwee Jongen.

HALLO

ech sinn d'Stéphanie a liewe mat menger Famill zu Sëll. De Kaspar ass 2013 am Gebuertshaus zu Mäerzeg an Däitschland an de Moritz 2015 doheem op d’Welt komm. Duerch déi schéin an erfëllte Gebuerten huet mäi Liewen sech ëm 180 Grad gedréit. Ech sinn doduerjer vill méi a meng eege Kraaft komm a profitéieren haut nach vun deene schéinen Erfarungen, déi ech deemools gemaach hunn. Nieft mengem Beruff als Waldorfspillschoulsjoffer, sinn dunn nei Dieren opgaangen an hu mech ëmmer méi déif fir d'Theme Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert an Elterenzäit interesséiert, bis ech no an no Ausbildungen a Formatiounen an deene Beräicher gemaach hu fir ganzheetlech Berodungen, Coursen, Workshoppen a Ritualer ronderëm d'Familljeliewen ubidden ze kënnen. 2016 huet meng Rees an d'Selbstännegkeet ugefaang a bereien net dee Schratt an d'Ongewëssheet gewot ze hunn. Ech hoffen, dass ech nach vill Joren als Doula wierken kann, esou datt zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen sech verstanen a gutt opgehuewen fillen. Eng vu menge Passiounen ass, zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen duerch hir besonnesch Liewensiwwergäng ze guidéieren an se beschtméiglechst virzebereeden, sou datt se méi sécher a gebuergen duerch hir Phase goe kënnen. Liewensiwwergäng brénge Verännerunge mat sech a kënnen intensiv Gefiller an Onsécherheet ausléisen. Ech invitéieren d’Leit, sech méi mat hirer Essenz ze connectéieren a bewosst Ressourcen opzebauen, déi hinnen an usprochsvolle Momenter Halt ginn. Mat Hëllef vu Ressourcen a Ritualer kënnen Iwwergäng net nëmme méi douce verlafen, mee si bidden och d’Geleeënheet, sech weiderzeentwéckelen an nach méi a seng eege Kraaft ze kommen.

Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert, Wochebett an Elterenzäit sinn déi Iwwergäng op déi ech mech spezialiséiert hunn. Ech bidden ënner anerem och Fraekreesser fir Fraen un, déi sech méi bewosst mat hirer Weiblechkeet auserneesetze wëllen. Ech bidden souzesoen eng net-medezinesch Begleedung un, déi sech ganz gutt mat de Gesondheetsberuffer kombinéiere léist.

​​Ech ënnerstëtzen och Elteren, déi vill Froe ronderëm d'Begleedung vun hirem Kand oder hire Kanner hunn. Ech bidde bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodungen, Eltere-Kand-Coursen, Workshoppen a Ritualer un, fir datt si hirt Kand besser verstinn, méi op d'Bedierfnisser agoe kënnen a Ressourcen hunn, fir mat usprochsvolle Momenter ëmgoen ze kënnen. Meng Aarbecht baséiert op der Theorie vum "Attachment Parenting", déi dem haitege Kenntnisstand vun der Entwécklungs- a Gehierfuerschung entsprécht.

Ech leeë ënner anerem vill Wäert op Präventioun a Resilienz, well ech d'Wuelbefanne vu menger Clientèle stäerken wëll an hinnen hëllefe wëll méi selbstbestëmmt duerch déi verschidden Etappe vum Liewe goen ze kënnen.

Firwat den Numm "Haus um Sand"? Ier am September 2017 “Haus um Sand” gegrënnt ginn ass, hunn ech verzweiwelt no engem Numm gesicht. Näischt war gutt genuch bis ech eist Haus mam Stroossennumm kombinéiert hunn. Sou ass “Haus um Sand” entstanen. Ganz einfach!

07/02/2026
MAMMEKREESDe Mammekrees zu Diddeléng mam  fënnt 1x de Mount zu Diddeléng statt. Haut war et nees ganz schéin a freeën ei...
30/01/2026

MAMMEKREES

De Mammekrees zu Diddeléng mam fënnt 1x de Mount zu Diddeléng statt. Haut war et nees ganz schéin a freeën eis op deen nächste Krees mat vläicht nach méi Mammen, déi sech iwwer allméiglech Themen austausche wëllen.

LEIF ALLEGUER,ech wollt iech kuerz eppes matdeelen. An nächster Zäit wäert ech manner aktiv op de soziale Medien sinn. E...
29/01/2026

LEIF ALLEGUER,

ech wollt iech kuerz eppes matdeelen. An nächster Zäit wäert ech manner aktiv op de soziale Medien sinn. Et stinn e puer méi grouss Projeten un an dofir muss ech meng Prioritéiten e bëssen anescht setzen. Mei dozou an nächster Zäit.

Dobäi kënnt och, datt ech mech heiansdo erschloe fillen vun all den Informatiounen an Impressiounen, déi een op de soziale Medien kritt. Ech sinn keen Influencer a kee Content Creator, och wann ech déi vill flott Videoen an Iddien schätzen. Ech wäert ab elo just heiansdo eppes deelen. E bëssen Werbung muss awer sinn 😅

Ëmso méi zielen ech op Clienten, déi mat menger Aarbecht zefridde waren oder sinn an déi mech gär weiderempfeelen, wann si gutt Erfarunge mat mir gemaach hutt. En häerzleche Merci un all déi, déi mech schonn ënnerstëtzt hunn oder nach ënnerstëtze wäerten. Dat bedeit mir immens vill ✨💛✨

WALDORFSPILLGRUPP SËLLThema SchnéimännchenSou schéin ginn. Eng Mamm huet haut e Schnéimännchen aus Mäerercherswoll an au...
28/01/2026

WALDORFSPILLGRUPP SËLL

Thema Schnéimännchen
Sou schéin ginn. Eng Mamm huet haut e Schnéimännchen aus Mäerercherswoll an aus Sauerdeeg gemaach ❄️☃️❄️

Sou lo hoffe mir, dass de Kinnék Wanter eis nach Schnéi schenkt ier d’Fréijoer kënnt 🩵❄️🤴❄️🩵

ZiZaZappelZwou Mammen hu sech schonn fir den ZiZaZappel Eltere-Kand Cours zu Sëll ugemellt. De Wonsch sech auszetauschen...
25/01/2026

ZiZaZappel

Zwou Mammen hu sech schonn fir den ZiZaZappel Eltere-Kand Cours zu Sëll ugemellt. De Wonsch sech auszetauschen ass grouss. Ab 3 Mammen/Pappen fënnt de Cours statt. Wann s du och méi iwwert d’Autonomiephas vun déngem Kand, d’Propper ginn, de Schlof, d’Iessen, etc…wëlls gewuer ginn, da mell dech séier un 😃

Den ZiZaZappel ass e bindungs- a bedierfnisorientéierte Eltere-Kand Cours fir Kanner tëscht 1-3 Joer mat éngem Elterendeel.

18/01/2026
DËST AN DATHaut hunn ech d’Chrëschtdagsdeko erëm a Këschte verstaaut. Muer sammelt d’Gemeng d’Beemercher an, an domat ge...
13/01/2026

DËST AN DAT

Haut hunn ech d’Chrëschtdagsdeko erëm a Këschte verstaaut. Muer sammelt d’Gemeng d’Beemercher an, an domat geet déi besënnlech a magesch Zäit och lues a lues op en Enn.

Dëse Mount huet fir mech eng ganz aner Stëmmung wéi déi Méint virdrun. Et ass alles vill méi roueg, et geet alles vill méi lues a ville mech méi zeréckgezunn. Sou wéi d’Natur, mee déif bannendran ass Villes a Beweegung a wees nach net esou richteg wouhinn domat.

E Sonnden hu mir eise Rauhnuechtekrees ofgeschloss. Zu 8 Fraen hu mir eis virbereet a si vun Enn November bis bal Mëtt Januar duerch d’Sperr- an d’Rauhnuechte gaang. Mir haten zwee Kreesser virun de Rauhnuechten an een dono, an an där intensiver Zäit selwer, ware mir och an engem virtuellen, galaktesche Raum (what’s app Grupp 🤣) ënnerwee.

Mir hunn zesumme vill gesinn, duerchkuckt, gespuert, gedreemt a lassgeloos. Jidderee vun eis huet op seng eege Manéier e Stéck Wëssen, Erfarung an Inspiratioun matgeholl, sou vill wéi grad fir eis dran a méiglech war.

Ech géif gären ee vun de Impulser deelen, deen bei mir während de Rauhnuechte entstanen ass. Et wier fir mech eppes Besonnesches, mat engem konstante Fraekrees duerch dee ganze Joreskrees ze reesen an zwar duerch dei véier Joreszäiten a mat all hire Fester, déi eis déi natierlech Zyklen nach méi no bréngen.

Well ech schonn mat den Elteren a Kanner am Waldorfspillgrupp duerch Joreszäite ginn, géif ech gären e konstanten Krees fir motivéiert Fraen grënnen, déi no Gemeinschaft, Naturverbonnenheet an heelsame Ritualer verlaangeren. Heiansdo géif ech och Expären invitéieren, déi Workshops a Wanderungen iwwer Planzen, Champignonen an aner Themen ubidden, fir eis Erfarung nach méi déif a räich ze gestalten. Obwuel ech wees, dat déi Meescht esou vill ze dinn hunn, wier et schéin, wann awer nees e Krees vu 6-8 Fraen zesummekomme géif 🤞🤞

Méi dozou an der nächster Zäit. Ech haale iech um Laafenden a freeë mech drop, iech dat matzedeelen.

2026Ech wënschen iech all e schéint neit Joer. 2026 soll iech vill nei Chancen, vill Inspiratioun a vill Succès bréngen,...
01/01/2026

2026

Ech wënschen iech all e schéint neit Joer. 2026 soll iech vill nei Chancen, vill Inspiratioun a vill Succès bréngen, souwuel am perséinlechen ewéi och am beruffleche Liewen ✨

Fir mech ass am leschte Joer glaskloer ginn, wéi wichteg et ass, gutt no mir ze kucken, meng eege Grenzen nach besser z’erkennen a bewosst ze respektéieren an ëmmer am Vertrauen ze bleiwen, datt alles säi Sënn huet an alles genee zur richteger Zäit geschitt.

Dëst Vertrauen schenkt mir esou vill mol méi Rou a Kloerheet an erlaabt mir, méi bewosst a mat oppenem Häerz no vir ze goen.

Ech hoffen, datt och dir 2026 vill kleng a grouss Liichtblécker erlieft, Momenter hutt, déi iech Kraaft ginn, iech orientéieren an iech drun erënneren, wéi vill Schéines am Alldag leie kann ✨💛✨

NEIEGKEETENEch freeë mech ganz besonnesch, iech eng nei Zesummenaarbecht mat enger ganz léiwer a kompetenter Hiewan virz...
29/12/2025

NEIEGKEETEN

Ech freeë mech ganz besonnesch, iech eng nei Zesummenaarbecht mat enger ganz léiwer a kompetenter Hiewan virzestellen. D’Félicie wunnt am Nopeschduerf zu Brouch a schafft neierdéngs als liberal Hiewan. Mir kennen eis schonn zanter enger ganzer Zäitchen, an d’Iddi, eppes Gemeinsames op d’Bee ze stellen, huet eis direkt zougesot.

Aus dëser Iddi ass den Elterekrees entstanen, e Raum fir all Elteren an hirt Kand oder Kanner. E Raum fir Berodung an Ënnerstëtzung, fir Austausch an Zesummesinn. An enger Zäit, wou ee sech als Elterendeel heiansdo eleng oder iwwerwältegt fillt vun all deene villen Informatiounen, Rotschléi a Meenungen, déi op een awierken, soll dësen Elterekrees eng Plaz sinn, wou ee sech verstanen a gehéiert fillt.

Hei geet et och drëms, aus der Isolatioun erauszekommen, sech auszetauschen, Froen ze stellen, Erfarungen ze deelen an ze mierken: ech sinn net eleng 😌

Félicie Wietor
Droberodung a Stoffwëndelberodung Félicie Wietor

Adresse

7, Um Sand
Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Haus um Sand publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram