Yoga mam Sabine

Yoga mam Sabine Private, public and online yoga courses
Donations for online classes welcome:
CCPLLULL: LU7011110184

Den Otemwierfel ass endlech nees verfügbar. Schonn déi 3. Oplag 🥰
17/06/2025

Den Otemwierfel ass endlech nees verfügbar. Schonn déi 3. Oplag 🥰

🎲 Otemwierfel – 3. Oplag elo verfügbar! 🎉

Sichs du no enger flotter Iddi, fir deng Schüler am Alldag kuerz z'entspaanen an duerchzeootmen?
Da probéier den Otemwierfel aus!

Op spilleresch Aart a Weis bréngt en kuerz Otem-, Deenungs- an Entspanungsübungen an d’Klass, déi net nëmmen Spaass maachen, mee och hëllefen, fir d’Kanner nees konzentréiert a léierfit ze maachen. 🧘‍♀️📚

👉 Méi Informatiounen an d’Méiglechkeet fir en ze bestellen fannt dir hei: 🔗 https://edu.lu/nh696

Villäicht gesi mir eis den 8.6.25 um 12.00 Auer op der Matt um Koll an Aktioun 🥰
07/06/2025

Villäicht gesi mir eis den 8.6.25 um 12.00 Auer op der Matt um Koll an Aktioun 🥰

Happy 2025 mat ville freedegen a virun allem friddleche Momenter❤️ Jidderee vun eis kann dozou bäidroen.🙏Da wollt ech oc...
01/01/2025

Happy 2025 mat ville freedegen a virun allem friddleche Momenter❤️ Jidderee vun eis kann dozou bäidroen.🙏

Da wollt ech och nach Bescheed soen, dass ab muer 2.1.25 d'Aschreiweungen fir meng lescht ëffentlech Yogaweiderbildung fir dëst Schouljoer um Ifen Belval opginn. Titel: "Méi Wuelbefannen fir Schoulpersonal a Schüler/-innen duerch Yoga an Entspanung (Cyclen 1&2)"
Well meng Weiderbildungen ëmmer immens séier ausgebucht sinn, séier aschreiwen respektiv u Leit weiderschécken, déi interesséiert kéinte sinn. Méi Infos ënnert dem Link, deen der an de Kommentare fannt.
Villäicht gesi mir eis do. 🥰

UPDATE: COMPLET no engem Dag🙏

Frou, dass ech konnt de Projet YES fir de Menje-SCRIPT entwéckelen. De YES huet décke Succès, well e ville Kanner erméig...
19/12/2024

Frou, dass ech konnt de Projet YES fir de Menje-SCRIPT entwéckelen. De YES huet décke Succès, well e ville Kanner erméiglecht iwwert de Yoga zu méi Wuelbefannen ze kommen. Eppes wat an eiser heiteger Zäit ëmmer méi wichteg gëtt, besonnesch wann een de leschte Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher - OKaJu liest. ❤
Vergiesst och net d'Säit vum Menje-SCRIPT ze suivéieren. Et ginn ëmmer ërem vill flott Projeten am lëtzebuerger Schoulberäich virgestallt.🥰

Sou eng schéin, dynamesch Yogasequenz e Sonndeg de muergen am Mierscher Park. Eng läscht Méiglechkeet fir mat derbäi ze ...
23/09/2024

Sou eng schéin, dynamesch Yogasequenz e Sonndeg de muergen am Mierscher Park. Eng läscht Méiglechkeet fir mat derbäi ze sinn bidd sech nächste Sonndeg 29.9. vun 10.30-11.45 un. Einfach umellen op sabine@tonnar.lu Bei schlechtem Wieder fällt de Cours aus. 🙏

D'Aschreiwungen fir eng vu menge Yogaformatiounen fir d'Schoulpersonal déi an de Zyklen 1&2 vun der Grondschoul schaffen...
03/09/2024

D'Aschreiwungen fir eng vu menge Yogaformatiounen fir d'Schoulpersonal déi an de Zyklen 1&2 vun der Grondschoul schaffen, sinn op.
Titel: Méi Wuelbefannen fir Schoulpersonal a Schüler/-innen duerch Yoga an Entspanung (Cyclen 1&2)
Dat Ganzt fënnt um IFEN statt. Mellt Iech gär un oder deelt dëse Post ënnert ären Enseignants- an Educateurskollegen. 🙏
Méi Infos zur Formatioun fënnt een ënnert dem Link an de Kommentaren.

UPDATE: COMPLET!!!
Nächst méiglech Formatioun fir C2-4 am 2. Trimester Aschreiwungen ab dem 21.11.24 (IFEN Walfer)
Nächst méiglech Formatioun fir C1&2 am 2. Trimester Aschreiwungen ab dem 2.1.25 (IFEN Belval)

E Genoss haut de muergen am Mierscher Park. Et gëtt näischt méi Schéines ewéi Yoga an der Natur. Merci all deene léiwe Y...
11/08/2024

E Genoss haut de muergen am Mierscher Park. Et gëtt näischt méi Schéines ewéi Yoga an der Natur.
Merci all deene léiwe Yogien déi mat derbäi waren.

Nächste Sonndeg 18.8. e leschte Cours viru mengem Congé.
RV Mierscher Park, hannert der Bébésspillplaz vun 10.30-11.45

Op Basis vun Donen🙏☀️🙏

Adresse

Luxembourg

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Yoga mam Sabine publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Yoga mam Sabine:

Partager

Duerch Freed um Yoga zu méi Liewensfreed

🇱🇺Versioun 🇬🇧Version

🇱🇺 Sporadesch Yogacoursen


  • am Mierscher Park bei schéinem Wieder (Coursen gi per Event annoncéiert, et brauch ee sech net unzemellen)

  • an der Galerie Kamellebuttek zu Esch (Coursen gi per Event annoncéiert, et muss ee sech umellen)