Naturinstinkt

Naturinstinkt Hypnose • Doula • Hypnobirthing • Coaching • Rebozo Ritualer • TFM • Droberoderin Hypnobirthing, Droberodung, Doula, TFM, Rebozo

05/05/2026
Meng Doulaarbecht, esouvill mei wei ech mir jemols virun 13 Joër erwaart hätt.No menger 3. Gebuert dei ech kraaftvoll aw...
30/04/2026

Meng Doulaarbecht, esouvill mei wei ech mir jemols virun 13 Joër erwaart hätt.

No menger 3. Gebuert dei ech kraaftvoll awer virun allem komplett am Respekt geigeniwer vu mengem Kierper, menger Seil an deem vu mengem Bebe duerft erliewen (a virun allem am Respekt geigeniwer vu mengem ganz eegene Wee) ass et fir mech glaskloer ginn, dat et genau esou sollt sinn wei ech Gebuert emmer hätt sollten erliewen. Wei dei allermeescht Fraen Gebuerte kéinten erliewen. Well mai Kierper an dee vu mengem Bebe war nie fehlerhaft. Ganz am Geigendeel, meng 2 eicht Kanner sinn trotz zahlraichen Interferenzen, Interventiounen an Betäubung ganz einfach an Komplikatiounslos gebuer.

Ab dem Moment wou ech dëst verstaan haat war fir mech kloër, dat ech genau dëst den Eltere wëll erméiglechen. An aus deem Grond hunn ech verschidden Ausbildunge gemach, fir meng Begleedungen ze beraicheren, eng Struktur an dat Ganzt ze brengen.

Niemols Awer hätt ech mir erwart wat ech elo no 13 Joër a menger Doulaarbecht gesinn. Wait eraus iwert Gebuerten (well Doula gett oft nëmme mat Gebuert a Kontakt bruecht), gesinn ech meng Aufgab virun allem doran, erem op en deifgehende Besoin vu Gebuergenheet, Suerg, Pfleg a Léift vu Mensch zu Mensch ze offréieren.

All dat wat haut iegendswou am ganzen Trubel ennergeet. Eppes Uraales dat iegendswou verluer gaang ass.

Dat mir vergiess hunn nozelauschteren wann een en Ouer brauch, ze pflegen wann ee krank ass a Virun allem ALL eenzelnen Daag aus der Léift eraus ze handelen, egal op mer mat eisem Noper, enger Frendin oder engem Friemen grad ze dinn hunn. All eenzelne Mensch huet a sengem Sinn Respekt a Léift verdéngt.

An wees de wat da geschitt? Heelung op ganz villen Ebenen. D’Stärkt vum Mensch dei sech erfierhiewt. Dee Mensch kann dono selwer genau dei Léiwt weiderginn dei e kritt huet. Genau dei Léift Liewen a senger Famill, a sengem Krees.

De Moien haat ech e Gespréich mat deem gudden Natascha, Frendin an Doulakollegin, nodeems dës Zeilen lo hu missten niddergeschriwe ginn. (se si fir dech Natascha)

Mir sinn halt keng Nummeren, keng Coder dei ee kann a Case stiechen. Mir sinn alleguer Individualséilen, dei op enger Enzegarteger Rees duerch d’Liewen op eisem schéinen Erdball sinn, a mir hunn all dei Léift a Respekt verdengt.

Wann dës Zeilen och an dir sou schwengen ewei a mir, dann Deel se weider. Dei wonnerschéi Foto huet Tania Traversini Photography op eiser Fraeretraite 2020 geschoss

22/04/2026
16/04/2026

✨ Deng Gebuert, wahrscheinlech ee vun de stärksten a verännernsten Momenter an dengem Liewen ✨

Wat wënschst du dir fir dës grouss Arbecht?

Ass et:
Dengem Kierper vertrauen an deng Gebuert bewosst erliewen 🤍 ?

👉 Am Hypnobirthing Gruppecour vun Naturinstinkt weisen ech dir, wéi dat geet.
Du profitéiers schon an der Schwangerschaft vun den Entspanungstechniken an hues se dono dai Liewe laang.

🌿 Méi Rou. Méi Vertrauen. Méi Kraaft, sinn dei Wieder dei meng Clienten mam Hypnobirthingcour verbannen

📅 Start: 26. Abrëll um 17h30 iwert ZOOM (ganz gemittlech um Canapé)

👥 Kleng Grupp – wéineg Plazen

💌 Schreif mir eng PN a secher dir deng Plaz

(du wëlls Privat mat mir schaffe, kee Problem, si sinn zu flexibelen Date meiglech)


W.E.G hëllef mir main Angebot weiderzedeelen. Grousse MERCI dofir

15/04/2026

✨ É com muita alegria que vos comunicamos a ESTREIA do nosso filme GUARDIÃS DO NASCIMENTO, no Festival Internacional de Cinema PORTO FEMME 2026, no dia 26 de Abril, às 17h15, no Batalha Centro de Cinema. ✨

GUARDIÃS DO NASCIMENTO é um filme sobre parto humanizado, empoderado, informado e consciente. Convida à reflexão sobre o nascimento, à partilha de conhecimentos e histórias, e ao diálogo sobre como nascemos em Portugal.

Será um momento muito especial, temos muita vontade de partilhá-lo convosco e de podermos celebrar em conjunto. Ficaremos muito felizes com a vossa presença!

Agradecemos a todas as pessoas que abraçaram esta causa e nos ajudaram a tornar este filme possível! 💓

_

✨ It is with great joy that we announce the PREMIERE of our film GUARDIANS OF BIRTH, at PORTO FEMME International Film Festival 2026, on April 26, at 5:15PM, at the Batalha Centro de Cinema. ✨

GUARDIANS OF BIRTH is a film about humanized, empowered, informed, and conscious childbirth. It invites reflection on birth, sharing of knowledge and stories, and dialogue about how we are born in Portugal.

It will be a very special moment. We are truly excited to share it with you and to celebrate together. We would be very happy to have your presence!

We thank everyone who embraced this cause and helped make this film possible! 💓

Abraços/ warm hugs,
Francisca Marvão
Diana Martins
Cinthia Matos
Laylla Coelho

09/04/2026

Before the world ever touches your baby, this is what sustains them, yet many are so quick to cut it short.

Nature doesn’t hurry this connection, intervention does.

A perfect system, still unfolding… if we’re patient enough to let it.

🖤 Danielle, Her Origin

Nach emmer sollen dei meescht Fraen um Réck accouchéieren. War dat och bei dir esou?Ziel gären an de Kommentarer op‘s du...
05/04/2026

Nach emmer sollen dei meescht Fraen um Réck accouchéieren. War dat och bei dir esou?

Ziel gären an de Kommentarer op‘s du deng Positioun frai konns wielen 👇🏼

Empfehlung vs. Realität: Aufrechtes Gebären 🤱

Die Evidenz ist klar: Eine aufrechte Gebärhaltung fördert die Wehenkraft und hilft dem Kind bei der Rotation. Dennoch zeigt eine aktuelle Studie, dass die Rückenlage im Kreißsaal nach wie vor dominiert.

Warum verbringen Frauen trotz klarer Vorteile oft nur einen Bruchteil der Zeit in aufrechten Positionen?

Die Ergebnisse der australischen Beobachtungsstudie zeigen eine deutliche Lücke zwischen Theorie und Praxis.
👉 Alle Zahlen und Hintergründe liest du im vollständigen Artikel. Link in Bio!

02/04/2026

Eng « Allergie » duerch en traumatescht Erliefnis - ass dat méiglech?

Bei engem Trauma späichert d’Gehir net nëmmen d’Emotiounen, mee och d’Ëmwelt – wéi z. B. vill Pollen an der Loft, Katzenhoer, etc.
Dëst kann eng konditionéiert Immunreaktioun ausléisen:

De Kierper reagéiert wéi bei enger Allergie, well en dech wëll virun enger Widderhuelung vun dëser negativer Situatioun schützen.

🔬 Studien an der Psychoneuroimmunologie weisen: Stress an traumatesch Erliefnisser beaflossen d’Immunsystem. Besonnesch d’Amygdala an den Hippocampus verkneppen Emotiounen mat kierperleche Reaktiounen.

🎯 Wat hëlleft?
Therapien, déi Psyche an Immunsystem zesummen uginn (z. B. Trauma-Aarbecht, Achtsamkeetsarbecht, Mikrobiom-Stäerkung, Psychotherapie)

Ech kann dir mat der -humanistescher Hypnos- op dësem Wee e wonnerbaren Outil bidden fir symbolesch drun ze schaffen. Du brauchs net a fréieren Erliefnisser hänken ze bleiwen.

D’Umeldung kanns du iwer main Internetsite machen oder ganz einfach mech mat enger Privatnoricht uschreiwen.

Du hues e grousse Kannerwonscha wells doran begleed ginn?Du wënschs dir e Kand,mä spiers, datt ënnerlech Blockage dech z...
25/03/2026

Du hues e grousse Kannerwonsch
a wells doran begleed ginn?

Du wënschs dir e Kand,
mä spiers, datt ënnerlech Blockage dech zeréckhalen oder dech zevill beaflossen?

Du probéiers scho länger Zäit schwanger ze ginn,
mä däi Kannerwonsch bleift momentan onerfëllt?



Mir all droen Erliefnisser a Programméierungen
an eisem Liewen – awer och aus de Generatioune virdrun.



An dëser Begleedung
schaffe mir un denge Glawenssätz,
fir datt s du dech voll a ganz
op däi Kannerwonsch alosse kanns.



Begleedung iwwer 8 Séancen:

• 1. Séance:
TemperaturMethod,
fir däi Kierper an deng Fruchtbarkeet besser kennenzeléieren
an deng Chance op eng Schwangerschaft ze erhéijen.
Dain Zyklus ass dono kee Geheimnis mei fir dech.

• 7 weider Séancen:
Hypnos Humaniste,
fir un denge ganz perséinlechen Themen ze schaffen.
Wann ënnerlech Blockage lassgelooss ginn,
kann och däi Kierper lassloossen.



Dei 2 eicht Fraen dei ech mat dësem Programm duerft begleeden waren direkt schwanger, d‘Muecht vum Gehier a senge Programméierungen ass net ze ennerschätzen 🙏🏻

📩 Interesse?
Schreiw mir eng Privatnoricht oder Mail
fir méi Detailer.

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Naturinstinkt publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Naturinstinkt:

Partager