10/10/2023
Bei eisem Treffe mam Groupe de Travail am Juli 2023 hate mir en groussen Erfolleg. Mir kréien elo keng 2, mee ganzer 4 Kompressiounskleedung d'Joer iwwerholl. Bei deenen anere Punkte vun der Therapie goufen et nach Punkten ze klären.
Mir wënschen eis en Remboursement vum Lymphomat bei engem schwéiere Befonnt vu Lymphödem oder/a Lipödem. Als Zousaz zu de manuelle Lymphdrainagen. Well Seancë bei enger manuell Lymphdrainage beim Kiné leider net duer gi fir anstänneg ze therapéieren.
Hei huet eis de Groupe de Travail no Detailer vum Lymphomat gefrot. Wei deier ass en, wei funktionéiert en an op et en medezinescht Gerät ass, ...
Mat Ënnerstëtzung vu Komed hunn mir dunn dësen Dossier zesumme gesat an un de Groupe de Travail den 28.08 geschéckt.
E grousse Merci hei u KoMed Home Care S.A.
Den Detail fonnt Dir hei:
https://www.lipoedem.lu/dokumente-lymphomat-fuer-groupe-de-travail/