19/05/2026
Heiansdo schéckt d’Liewen eis genau am richtege Moment dee Mënsch, deen eis eng Äntwert gëtt op eng Fro, mat där mir scho laang ronderëm lafen.
Ech sinn haut kuerz aus enger Sëtzung erausgaang… an do souz en eelere Mann. Hien huet mir erzielt, datt hien zënter Joren ënner Depressiounen leit.
An hie sot:
„Et ass esou wichteg, datt d’Leit doriwwer schwätzen. Dass et Mënsche gëtt, déi dat sichtbar maachen.“
An op eemol hunn ech et nees gefillt.
Firwat ech dat maachen.
Firwat ech deelen.
Firwat ech schwätzen.
Och wann ech selwer grad duerch déif Prozesser ginn.
Och wann et sech heiansdo wéi e risegt Wollknäuel an mir ufillt.
Och wann en Deel vun mir midd ass.
An Angscht huet.
Angscht virum Ze vill sinn.
Angscht, vläicht eng Kéier näischt méi ze soen ze hunn.
Mee et geet drëms mënschlech ze sinn.
Echt ze sinn.
An domat engem anere Mënsch ze weisen:
Du bass net eleng.
An heiansdo ass genau dat schonn Heelung. ❤️
Nathalie 🌺