27/04/2026
Virun 2 Joer huet d'Michèle fir d’éischt Kéier Reiki gespuert, an dat ganz gemittlech bei sech doheem um Canapé. Wéi ech meng Praxis zu Asselbuer opgemaach hunn, ass hat eng Kéier op der Plaz komm an huet Reiki op der Behandlungsbänk dierfen erliewen. Do huet hat sech fir d’éischt iwwer sein Kannerwonsch geäussert.
De Reiki-Soin war esou besonnesch, datt ech mir sécher war, datt dat zimlech geschwënn passéiere géif. An tatsächlech, e puer Méint méi spéit, ass hat gewuer ginn, datt hat schwanger ass.🤰🏻💟
Haut ass hat erëm an d’Praxis komm an huet dat Reiki-Erlebnis mat sengem Bebe am Bauch gedeelt.
Merci fir däi Vertrauen. ✨