Déierenkiné Vanessa Reiffer

Déierenkiné Vanessa Reiffer Praxis fir Osteopathie an Physiotherapie fir Päerd an Klengdéieren

Ech sin den 29/01 am Osten ennerwee🐴Falls do an der Geigend nach een sein Päerd well osteopathesch nokuken lossen kann e...
21/01/2026

Ech sin den 29/01 am Osten ennerwee🐴

Falls do an der Geigend nach een sein Päerd well osteopathesch nokuken lossen kann en sech gäeren mellen😊

16/01/2026

Et as endlech souweit🎉 Eis nei Homepage as online😊

Kuckt gäeren emol eran- hei fannt Dir all wichteg Informatiounen iwert d' Praxis an d' Therapien dei mir ubidden:

https://www.deierenkine.com/

Mir wënschen all eisen veierbeenegen Patienten an hieren Besetzer schéin an gemittlech Feierdeeg an en schéint an viruna...
24/12/2025

Mir wënschen all eisen veierbeenegen Patienten an hieren Besetzer schéin an gemittlech Feierdeeg an en schéint an virunallem gesond neit Joer😊

Merci fir all dei schein Momenter dei mir mat Iech an Äeren Veierbeener hun dierfen während desem Joer erliewen. Mir freen eis schon op dat Nächst😊

Lisa, Natascha an Vanessa

31/08/2025

Congé vum 01/09-05/09‼️

Ech sin vun muer bis en Freiden am Congé. Während der Zeit sin d' Lisa an d' Natascha weiderhin fir eis kleng an grouss Patienten do an si sin och wei gewinnt iwert d' Praxis Nummer: 621 59 65 36 ereechbar. Et kann awa sin dass während der Woch net emmer direkt een kann op den Telefong goen mee mir rufen Iech dann esou seier wei meiglech zereck.
Merci fir Äert Verständnis an bis geschwenn😊

🚨 Bestellung vun Buedmäntel an Mäntel🐶Mir machen den Weekend eng Bestellung bei Actionfactory😊Falls Dir en Buedmantel💦 o...
26/03/2025

🚨 Bestellung vun Buedmäntel an Mäntel🐶

Mir machen den Weekend eng Bestellung bei Actionfactory😊
Falls Dir en Buedmantel💦 oder en normalen Mantel fir Äeren Mupp braucht kennt Dir eis nach bis en Samsden 14auer Bescheed soen dann bestellen mir Iech den mat☺️

original high quality warmup capes, dryup capes, active capes hergestellt in Europe unter Ökotex 100 Standard Bedingungen.

‼️ D' Praxis as vum 08/03 bis den 16/03 wengst Renoveierungsarbeschten zou‼️ Ab dem 17/03 sin mir dann erem wei gewinnt ...
07/03/2025

‼️ D' Praxis as vum 08/03 bis den 16/03 wengst Renoveierungsarbeschten zou‼️

Ab dem 17/03 sin mir dann erem wei gewinnt fir Äer Véierbeener do.

Mir haaten leschten Mëttwoch veier interesseiert Schüler an hier Prof bei eis an der Praxis op Besuch fir hinen en Anblé...
02/02/2025

Mir haaten leschten Mëttwoch veier interesseiert Schüler an hier Prof bei eis an der Praxis op Besuch fir hinen en Anbléck an eisen Beruf zegin🐶🐈🐴

Et huet dem Lisa an mir vill Spaass gemach hinnen déi verschidden Therapieméiglechkeeten virzestellen an hinnen hier Froen ze beäntweren😊

Mir wënschen all eisen kléngen an groussen Patienten an hieren Besëtzer ganz schéin Feierdeeg an en schéint neit Joer🎉Vi...
24/12/2024

Mir wënschen all eisen kléngen an groussen Patienten an hieren Besëtzer ganz schéin Feierdeeg an en schéint neit Joer🎉

Villmols Merci fir Äert Vertrauen dat Dir eis och dest Joer alldeeglech entgéint bruecht huet, andems Dir eis Äer Déieren unvertraut huet. Mir fréen eis schon rieseg op d' nächst Joer.

D' Praxis as bis Donneschdes den 02/01 zou, ab do sin mir dann erem fir Iech an Äer Déiercher do😊

Vanessa an Team

🚨Wichteg Info fir eis Clienten dei vun der Autobunn/ Biff kommen‼️Fir op eisen Parking zekommen, kann een ab muer nemmen...
01/09/2024

🚨Wichteg Info fir eis Clienten dei vun der Autobunn/ Biff kommen‼️

Fir op eisen Parking zekommen, kann een ab muer nemmen nach bei der Brauerei eranfuehren‼️

Déierenkiné gesicht!Mir sichen zum schnellstméiglechen Zeitpunkt en Klengdéierenkiné fir eis Équipe ze ennerstëtzen😊 Wat...
22/08/2024

Déierenkiné gesicht!

Mir sichen zum schnellstméiglechen Zeitpunkt en Klengdéierenkiné fir eis Équipe ze ennerstëtzen😊

Wat bidden mir:

🔸 en jonkt dynamescht Team
🔸 léif Patienten
🔸 modern Therapiegeräter ( Waasserlaafband, Héichfrequenzlaser, Amplivet, Novafon...)
🔸 digital Patientenerfassung
🔸frei wielbar Arbëschtszeiten an Stonnenunzuel

Wat solls du matbrengen:

🔸 diploméiert(en) Muppenkiné sin
🔸 teamfäheg, motivéiert an engagéiert sin
🔸 häerzlechen Emgang mat den Déieren an hieren Besetzer hun
🔸 Lëtzeburgesch oder Däitsch schwetzen as e Muss!
🔸 gäeren och Berufseinsteiger

Falls du dech ugesprach fills, dann kanns du eis gäeren kontaktéieren. Mir freën eis op dech😊

Mir wënschen all eisen véierbeenegen Patienten an hieren Besëtzer schéin Féierdeeg an en gudden Rutsch!🎄🎁Merci un all ei...
24/12/2023

Mir wënschen all eisen véierbeenegen Patienten an hieren Besëtzer schéin Féierdeeg an en gudden Rutsch!🎄🎁

Merci un all eis Clienten fir d' Vertrauen dat si eis dest Joer entgéint bruecht hun🥰 Mir freën eis schon Iech all d' nächst Joer erem zegesin😊

Adresse

124, Avenue De
Bascharage
4435

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Déierenkiné Vanessa Reiffer publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager