27/01/2026
🎧 Lëtzebuergesch Screenreader-Stëmme sinn do
D'Mia an de Mil - dat sinn zwou nei Stëmmen, déi Iech Ären Ecran virliese kënnen; op Lëtzebuergesch!
🗣️ Dir kënnt se iwwer d’RHVoice-App (Windows, macOS, Android & iOS) eroflueden: https://rhvoice.org
D’Stëmme sinn nach an der Beta-Phas, dofir ass Äre Feedback besonnesch wichteg. All Bemierkungen zu Aussprooch, Intonatioun oder technesche Problemer kënnt Dir u follgend Adress schécken:
✉️ accessibilite@sip.etat.lu (Betreff: screen reader tests)
De CDV ass immens frou un der Ausaarbechtung vun dëse Screenreader-Stëmme deelgeholl ze hunn. Si wäerte vu groussem Notze sinn an d’Kommunikatioun definitiv verbesseren.
🌐 Méi Infos fannt dir op: https://accessibilite.public.lu/fr/news/2026-01-19-screenreaderLB.html