Psychologesch Praxis Nathalie Zanutto

Psychologesch Praxis Nathalie Zanutto Psychologesch Berodung fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener

17/07/2024
13/07/2024
10/05/2024

Et ass wichteg iwwer mental Gesondheet ze schwätzen – grad während dem Mental Health Awareness Month. Wisou?

Dat spigelt sech an de Statistiken ënnendrënner widder.

Deng Wierder kënnen engem hëllefen, deen dréngend Hëllef brauch. Loosst eis zesummen d’Schweigen a soumat den Tabu ëm dëst Thema briechen.

Merci fir Deelen🤗.
24/03/2024

Merci fir Deelen🤗.

24/02/2024

𝟏) 𝐌𝐢𝐫 𝐰ë𝐧𝐬𝐜𝐡𝐞𝐧 𝐞𝐢𝐬 𝐧ä𝐢𝐬𝐜𝐡𝐭 𝐦é𝐢, 𝐰é𝐢 𝐝𝐚𝐭𝐭 𝐞𝐭 𝐞𝐢𝐬 𝐛𝐞𝐬𝐬𝐞𝐫 𝐠𝐞𝐞𝐭.

Vill Mënsche gesinn d'Liewen als selbstverständlech un. Mat där Astellung fält et hinnen awer schwéier, Mënsche mat Depressiounen ze verstoen, an esou komme se oft zum Entschloss, datt ee selwer Schold u senger Depressioun ass.

Mee keen huet sech jee dozou entscheet, depressiv ze sinn. Et gëtt ee moies waakreg a fillt sech schonn onmotivéiert a midd. Och midd vum Liewen, an deem ee wéineg bis kee Sënn méi gesäit. Et fillt ee sech eidel, an et weess een net ob dëst Gefill jeemools nees ewech sollt goen. Mir wéilte mir hätte méi Hoffnung an Aussiicht.

𝟐) 𝐌𝐢𝐫 𝐬𝐜𝐡𝐮𝐦𝐦𝐞𝐧 𝐞𝐢𝐬, 𝐰𝐞𝐥𝐥 𝐦𝐢𝐫 𝐞𝐢𝐬 𝐧𝐞𝐭 𝐞𝐬𝐨𝐮 𝐟𝐢𝐥𝐥𝐞 𝐤ë𝐧𝐧𝐞 𝐰é𝐢 𝐚𝐧𝐞𝐫 𝐋𝐞𝐢𝐭.

Wann een depressiv ass, gëtt ee stänneg drun erënnert, datt een onfäeg ass, déi triviaalste Saachen ze maachen. Et ass wéi wann d'Liewen opgehalen hätt, an déi Leit ronderëm eis weiderliewen als wier näischt passéiert. Dowéinst fille mir eis schëlleg fir eist Verhalen. Mir wësse ganz genau, datt mir keng Responsabilitéit fir eis selwer méi kënnen iwwerhuelen.

Och Erwaardunge vun aneren kënne mir oft net méi erfëllen, och wann et déi einfachst Handlung wier, wat eis absolut peinlech ass. Dat geet natierlech un de Selbstwäert a leed spéider zu engem distortéierte Selbstbild.

𝟑) 𝐌𝐢𝐫 𝐡𝐮 𝐬𝐭ä𝐧𝐧𝐞𝐠 𝐀𝐧𝐠𝐬𝐜𝐡𝐭, 𝐯𝐞𝐫𝐮𝐞𝐫𝐭𝐞𝐞𝐥𝐭 𝐳𝐞 𝐠𝐢𝐧𝐧.

Déi gréisste Suerg vun engem Mënsch mat Depressiounen, dee sech engem anere Mënsch uvertraut, ass et mëssverstanen ze ginn. Mir hunn oft Problemer eis auszedrécken, de "wéi" oder "wat" ze verstoen, a wëlle virun allem kengem eng Laascht sinn.

Dat Lescht wat ee Mënsch mat Depressioune wëll ass entweder ofgestempelt oder etiquetéiert ze ginn.

E brauch keng gutt gemengte Rotschléi, mee Versteesdemech an een oppent Ouer. De Problem mat Rotschléi wéi "Sief net esou sensibel" oder "Rapp dech dach emol um Rimm“ ass, se vermëttelen näischt aneres wéi datt den erkrankte Mënsch als einfach nëmme schwaach ugesi gëtt. An dësem Fall si Rotschléi net méi wéi Schléi.

𝟒) 𝐄𝐢𝐬 𝐦𝐚𝐧𝐠𝐞𝐥𝐧𝐝 𝐅ä𝐞𝐠𝐤𝐞𝐞𝐭 𝐒𝐚𝐚𝐜𝐡𝐞 𝐩𝐨𝐬𝐢𝐭𝐢𝐯 𝐳𝐞 𝐠𝐞𝐬𝐢𝐧𝐧.

Wa Mënsche mat Depressioune positiv kéinte sinn, da wieren se et. Jiddweree weess, datt positiivt Denken eng gutt Astellung ass fir duerch d'Liewen ze goen. Mee heiansdo huet een natierlech och Problemer esou eng Astellung oprecht ze erhalen. Grad Mënsche mat psychesche Krankheeten fält et iwweraus schwéier, esou eng Astellung ze hunn.

Ganz oft hu mir all Hoffnung op Besserung verluer, an dowéinst bleift et eis onméiglech optimistesch ze sinn.

𝟓) 𝐃'𝐆𝐞𝐟𝐢𝐥𝐥 𝐰ä𝐞𝐫𝐭𝐥𝐨𝐬 𝐳𝐞 𝐬𝐢𝐧𝐧, 𝐞𝐠𝐚𝐥 𝐰𝐚𝐭 𝐝é𝐢 𝐚𝐧𝐞𝐫 𝐬𝐨𝐞𝐧.

Wann een Depressiounen huet, hu mir oft Problemer aus dem Bett ze kommen, an och eis Selbstfleeg léisst oft no. Mir huelen net méi richteg um Liewen deel. Dës Emstänn féieren dozou, datt mir eis wäertlos fillen, oder "fir näischt ze gebrauchen".

Mir sëtzen doheem an maachen eis selwer Virwërf, datt mir just doheem sëtzen an näischt maachen. Dofir denke mir och, datt mir soziale Kontakt net wäert sinn, egal wéi vill léif Leit mir hunn, déi sech ëm eis këmmeren.

𝐄𝐭 𝐚𝐬𝐬 𝐞𝐠𝐚𝐥 𝐨𝐛𝐬 𝐝𝐮 𝐬𝐞𝐥𝐰𝐞𝐫 ë𝐧𝐧𝐞𝐫 𝐃𝐞𝐩𝐫𝐞𝐬𝐬𝐢𝐨𝐮𝐧𝐞 𝐥𝐞𝐢𝐝𝐬, 𝐨𝐝𝐞𝐫 𝐞𝐞 𝐤𝐞𝐧𝐧𝐬 𝐝𝐞𝐞𝐧 𝐝𝐞𝐩𝐫𝐞𝐬𝐬𝐢𝐯 𝐚𝐬𝐬, 𝐰𝐢𝐜𝐡𝐭𝐞𝐠 𝐚𝐬𝐬 𝐝'𝐄𝐫𝐤𝐞𝐧𝐧𝐭𝐧𝐢𝐬, 𝐰é𝐢 𝐞𝐞𝐧 𝐞 𝐌ë𝐧𝐬𝐜𝐡 𝐧𝐞𝐭 𝐦𝐚𝐫𝐠𝐢𝐧𝐚𝐥𝐢𝐬é𝐢𝐞𝐫𝐭, 𝐰é𝐢 𝐞𝐞𝐧 𝐝𝐞𝐦 𝐒𝐭𝐢𝐠𝐦𝐚 𝐞𝐧𝐭𝐠é𝐢𝐧𝐭 𝐰𝐢𝐞𝐫𝐤𝐭, 𝐝𝐚𝐭𝐭 𝐞𝐞𝐧 𝐞𝐞 𝐠𝐮𝐝𝐝𝐞𝐧 𝐍𝐨𝐥𝐚𝐮𝐬𝐜𝐡𝐭𝐞𝐫𝐞𝐫 𝐚𝐬𝐬, 𝐚𝐧 𝐨𝐜𝐡 𝐝𝐞𝐞𝐦𝐞𝐧𝐭𝐬𝐩𝐫𝐢𝐞𝐜𝐡𝐞𝐧𝐝 𝐧𝐞𝐭 𝐣𝐮𝐠é𝐢𝐞𝐫𝐭. 𝐌ë𝐧𝐬𝐜𝐡𝐞 𝐦𝐚𝐭 𝐃𝐞𝐩𝐫𝐞𝐬𝐬𝐢𝐨𝐮𝐧𝐞 𝐬𝐢 𝐣𝐮𝐬𝐭 𝐝𝐚𝐭: 𝐌Ë𝐍𝐒𝐂𝐇𝐄𝐍, 𝐝é𝐢 𝐠𝐫𝐚𝐝 𝐤𝐫𝐚𝐧𝐤𝐡𝐞𝐞𝐭𝐬𝐛𝐞𝐝é𝐧𝐠𝐭 𝐞𝐧𝐠 𝐡𝐚𝐚𝐫𝐭 𝐙ä𝐢𝐭 𝐝𝐮𝐞𝐫𝐜𝐡𝐥𝐢𝐞𝐰𝐞𝐧.

𝐎𝐜𝐡 𝐰𝐚 𝐬𝐞𝐜𝐡 𝐯𝐢𝐥𝐥𝐞𝐬 𝐚𝐧 𝐝𝐞 𝐥𝐞𝐬𝐜𝐡𝐭𝐞 𝐉𝐨𝐨𝐫𝐞 𝐯𝐞𝐫𝐛𝐞𝐬𝐬𝐞𝐫𝐭 𝐡𝐮𝐞𝐭, 𝐦𝐮𝐬𝐬 𝐝𝐨𝐫𝐢𝐰𝐰𝐞𝐫 𝐧𝐚𝐜𝐡 ë𝐦𝐦𝐞𝐫 𝐦é𝐢 𝐨𝐩𝐩𝐞 𝐠𝐞𝐬𝐜𝐡𝐰𝐚𝐭 𝐠𝐢𝐧𝐧!

14/02/2024
24/01/2024

Adresse

Echternach

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Psychologesch Praxis Nathalie Zanutto erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Die Praxis Kontaktieren

Nachricht an Psychologesch Praxis Nathalie Zanutto senden:

Teilen

Kategorie