„Gebuertshaus Lëtzebuerg A.s.b.l“
D'Gebuert vun engem Kand ass e prägende Moment am Liewen vun enger Fra, en opreegend, spannend Erliefnis gezeechent vun Emotiounen, Virfreed wéi natierlech och Ängschten. All Fra soll selwer entscheede kennen, wou dësen éischte Moment zesumme mam Kand stattfënnt. Leider sinn déi Méiglechkeeten hei zu Lëtzebuerg begrenzt. D'Fra kann entweder an d'Klinik goen, fir
hiert Kand op d'Welt ze bréngen oder ka sech eventuell fir eng Hausgebuert entscheeden. Fir d'Hausgebuert gëtt et réischt säit dem 1. Februar 2022 en Tarif an der neier Nomenclature vun den Hiewannen. Vill Fraen wëllen hiert Kand an engem Gebuertshaus op d'Welt bréngen. Laut Informatioun vun enger dätscher Hiewan aus der Grenzregioun, komme ganz vill Ufroen vu Lëtzebuerger Fraen, déi dohin wëlle kommen. Des Méiglechkeet gëtt et hei am Land bis elo net, obwuel an den allermeeschten Europäesche Länner Gebuertshaiser zum Standard gi sinn. November 2019, Artikel 1 Punkt 7, wei eent d'Attributiounen vun der Hiewan reegelt, dierf eng Hiewan eng physiologesch Gebuert autonom begleeden. Leider gëtt et bis lo keen gesetzlech festgeluechten Tarif fir d'Betribskäschten vun engem Gebuertshaus ze reegelen. Mir, dräi Hiewannen, eng Psychotherapeutin an eng Juristin, vertrieden d'Meenung, dat et längst iwwerfälleg ass, dat och hei zu Lëtzebuerg enger zukünfteger Mamm, d'Méiglechkeet muss bestoen an engem Gebuertshaus kennen hiert Kand ze kréien. Dëst soll eng Platz sinn wou all Fra/Famill soll kënnen hi kommen. Aus dem Grond ass den 12. Abrëll 2022 d'Associatioun sans but lucratif "Gebuertshaus Lëtzebuerg A.s.b.l" gegrënnt ginn, des huet sech d'Erschafen vun engem Lëtzebuerger Gebuertshaus als Ziel gesat, enger Platz wou eng Fra a vertrauter Ëmgéigend, a Rou a Gebuergenheet, ouni Stress an Drock mat enger 1-1 Betreiung duerch eng Hiewan kann hiert Kand op d'Welt bréngen. Dëst leet e wäertvolle Grondsteen fir eng staark Elteren-Kand Bezéiung vum éischte Moment un. Email: info@gebuertshaus.lu
Fir e Gebuertshaus opzemaachen, brauche mir natierlech finanziell Ënnerstëtzung
Ween eis well ënnerstëtzen kann dat op folgendem Kont vun der ASBL:
LU52 0019 7055 5785 3000
Ween intresséiert ass Member bei eis ze ginn, kann dëst mat enger Memberskaart vu 50€
De Comité vun Gebuertshaus Lëtzebuerg A.s.b.l.