Laure Baumann Hiewannepraxis Liewensbam/Hiewannebuttik Liewensbam

Laure Baumann Hiewannepraxis Liewensbam/Hiewannebuttik Liewensbam Consultatiounen virun/no der Gebuert
Droberodung
Therapeutesch Fraemassage
Shop fir Nohalteg Produiten an Aromatherapie

Ech sin d'Laure Baumann, Hiewan zenter 2010, an schaffen komplett selbstänneg. Ech bidden a menger Praxis Consultatiounen firun der Gebuert un, Virbereedungskuren am Grupp, Betreiiung bei der Hausgebuert, Wochebettbetreiuung doheem a Consultatiounen no der Gebuert an der Praxis. Ausserdem bidden ech therapeutesch Fraëmassage an Droberodungen un. Ech sin selwer Mamm fun drei wonnerbare Kanner.

Dierf gäre gedeelt ginn
18/04/2026

Dierf gäre gedeelt ginn

Sehr geehrte Kolleginnen,
die Association luxembourgeoise des sages-femmes (ALSF) lädt Sie herzlich zur zweitägigen Fortbildung

„Stillen und Stillberatung“ (EISL)
am 17. und 18. Juni 2026
jeweils von 08:30 bis 16:30 Uhr
ein.

Diese praxisorientierte Schulung wird vom Europäischen Institut für Stillen und Laktation (EISL) durchgeführt und basiert auf den neuesten Erkenntnissen der Stillberatung im klinischen Alltag. Die Inhalte orientieren sich an den 10 Schritten zum erfolgreichen Stillen nach WHO und UNICEF und werden individuell auf die Bedürfnisse der Teilnehmenden abgestimmt.

Inhalte der Fortbildung:
Stillen als gesundheitsfördernde Maßnahme
Anatomie der Brust & Physiologie der Milchbildung
Stillbeginn und korrektes Anlegen
Entwicklung des Stillens im Wochenbett
Häufige Stillschwierigkeiten & deren Management
Milchgewinnung und Pumpmanagement bei Trennung
Stillfreundliches Zufüttern
Muttermilch und ihre besondere Bedeutung (inkl. Frühgeborene)
Medikamente in der Stillzeit
Bindungsfördernde Flaschenfütterung
Rolle von Vater/Bezugsperson
Kommunikation in der Stillberatung

Teilnehmerzahl
Die Gruppengröße ist auf maximal 30 Teilnehmende begrenzt.

Teilnahmegebühren
290 € – ALSF-Mitglieder
340 € – Nicht-Mitglieder
240 € – Studentinnen & Pensionierte (Mitglieder)
270 € – Studentinnen & Pensionierte (Nicht-Mitglieder)
Im Preis enthalten:
Teilnahme an der Fortbildung, Mittagessen sowie Snacks, Kaffee, Tee und Wasser.

Anmeldefrist
01. Juni 2026
Anmeldung über FORMS:

https://forms.office.com/r/6eRcRN5guK?origin=lprLink

Klengen Abléck an meng Hiewansposch vun haut de Moien 😊Alles derbäi, wat ech esou am Alldag brauch:🕯️ Käerzen fir eng en...
01/04/2026

Klengen Abléck an meng Hiewansposch vun haut de Moien 😊
Alles derbäi, wat ech esou am Alldag brauch:🕯️ Käerzen fir eng entspaant Atmosphär🌿 Räucherstäbchen fir d’Wuelbefannen🔮 e bëssen Intuitioun an Energie💧 an natierlech meng kleng „Geheim-Mëttelcher“
Et ass jo wichteg, gutt preparéiert ze sinn 😉

Ganz intressant a bereichernd Formatioun, sou kann ech weider spezielle Bedürfnisser vu Famillen zum Thema Stëllen nach ...
31/03/2026

Ganz intressant a bereichernd Formatioun, sou kann ech weider spezielle Bedürfnisser vu Famillen zum Thema Stëllen nach besser gerecht gin, ganz vill neien Input an awer och eng Bestätegung dat ech meng Aarbescht net su verkéiert maachen 😍💗

✨ Nei Liwwerung am Hiewannebuttik Liewensbam! ✨Ech hunn eng grouss Liwwerung kritt an mein Buttik ass erëm richteg gutt ...
20/03/2026

✨ Nei Liwwerung am Hiewannebuttik Liewensbam! ✨

Ech hunn eng grouss Liwwerung kritt an mein Buttik ass erëm richteg gutt gefëllt 🌿

Vun Aromatherapie Ueleger bis zu wonnerbare natierleche Produiten ass alles gurt opgefellt. ✨
Egal ob fir Entspanung, Ënnerstëtzung am Alldag oder fir Iech selwer eppes Guddes ze doen 💚

Kommt gär laanscht op Rdv oder kuckt an mengem Onlineshop, et lount sech 😊

www.liewensbam.lu

Haut wëll ech einfach Merci soen. 💛Als Hiewan ass et fir mech ëmmer e grousse Privileeg, Familljen an esou enger wichteg...
18/03/2026

Haut wëll ech einfach Merci soen. 💛

Als Hiewan ass et fir mech ëmmer e grousse Privileeg, Familljen an esou enger wichteger Zäit am Liewen ze begleeden. Heiansdo kommen dann och Momenter, déi mech ganz besonnesch beréieren.

Vun zwou léiwe Familljen hunn ech dëse wonnerschéine Kaddo fir mein Gaart kritt. 🌿🐦
Sou vill Léift an Unerkennung dran, dat mécht mech wierklech ganz dankbar.

Villmools Merci fir dës schéin Iwwerraschung an Äert Vertrauen!
Ech freeë mech all Kéier wann ech an de Gaart kommen an un Iech denken kann. 💚

📚 Haut sinn ech an enger spannender Fortbildung iwwer Neigebuerene-Schlof am Wochenbett bei Artgerecht.De Schlof vun eng...
10/03/2026

📚 Haut sinn ech an enger spannender Fortbildung iwwer Neigebuerene-Schlof am Wochenbett bei Artgerecht.

De Schlof vun engem Neigebuerenen ass ganz anescht wéi dee vun Erwuessenen an et ass wichteg, datt Elteren dat verstoen, fir méi Rou a Vertrauen an déi éischt Wochen ze bréngen. 💛

Ech freeë mech ëmmer nees mäi Wëssen ze verdéiwen, fir Familljen nach besser am Ufank vun hirem gemeinsame Wee begleeden ze kënnen.

✨ News am Hiewannebuttik Liewensbam ✨Et gëtt nees eppes Neies bei mir am Buttik!Déi beléifte Silhouette-Biller vun Tover...
07/03/2026

✨ News am Hiewannebuttik Liewensbam ✨

Et gëtt nees eppes Neies bei mir am Buttik!
Déi beléifte Silhouette-Biller vun Toverlux sinn op Stock perfekt fir eng gemittlech Atmosphär am Kannerzëmmer oder als besonnesche Kaddo. 🌙

Zousätzlech ass eng nei Liwwerung vu Farfalla ukomm, mat wonnerbare, natierleche Produiten fir Wuelbefannen, Entspanung a sanft Fleeg fir Grouss a Kleng. 🌿

Kommt gär laanscht a kuckt Iech alles a Rou un oder entdeckt meng Auswiel online.

👉 www.liewensbam.lu

Ech freeën mech op Iech!
Hiewannebuttik Liewensbam

Kann ech nemmen zoustemmen. Aus desem Grond schaffen ech seit 20 Joer selwer just mat kontrolleierten Hersteller. Ech st...
23/02/2026

Kann ech nemmen zoustemmen. Aus desem Grond schaffen ech seit 20 Joer selwer just mat kontrolleierten Hersteller.
Ech stin fir Berodungen gär zur Verfügung ❤️

https://www.facebook.com/share/p/17D6me5AAV/

Über die gefährliche Normalisierung der inneren Einnahme ätherischer Öle und den Wertewandel in der Aromatherapie

VIRBESTELLUNG BEIM HIEWANNEBUTTIK LIEWENSBAMEch maachen eng Sammelbestellung bei🦋 farfalla 🌿 Bahnhof-Apotheke Kempten  📩...
19/02/2026

VIRBESTELLUNG BEIM HIEWANNEBUTTIK LIEWENSBAM

Ech maachen eng Sammelbestellung bei

🦋 farfalla
🌿 Bahnhof-Apotheke Kempten

📩 Schreiw mir eng Nooricht mat denge Wonschproduiten
WhatsApp 621 232 859

www.liewensbam.lu

📖 Buchtipp aus der Hiewannepraxis Liewensbam 📖📚 „Kinderjahre“  Remo H. LargoE Buch, dat ech allen Elteren immens un d’Hä...
05/02/2026

📖 Buchtipp aus der Hiewannepraxis Liewensbam 📖

📚 „Kinderjahre“ Remo H. Largo

E Buch, dat ech allen Elteren immens un d’Häerz leeën.
De Remo Largo erklärt op eng ganz verständlech an evidenzbaséiert Aart, wéi Kanner sech entwéckelen, an virun allem: firwat all Kand säin eegene Rhythmus huet.

Et hëlleft Drock erauszehuelen, Vergläicher ze stoppen an méi Vertrauen an dat eegent Kand ze kréien.
Net Perfektioun, mee Bezéiung, Zäit a Versteesdemech stinn am Mëttelpunkt. 🤍

Eng kloer Liesempfehlung fir Schwangerschaft, Stellzäit an déi éischt Liewensjoren.

Mein neiste Projet, geseit no vill Aarbescht aus. Ween réit wat dest evtl gett wann et färded ass ❤️Si gespaant op all ä...
31/01/2026

Mein neiste Projet, geseit no vill Aarbescht aus.
Ween réit wat dest evtl gett wann et färded ass ❤️
Si gespaant op all är Idien 🤩

Adresse

Rue Kriibsebaach 3
Eppeldorf
9365

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Laure Baumann Hiewannepraxis Liewensbam/Hiewannebuttik Liewensbam publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Laure Baumann Hiewannepraxis Liewensbam/Hiewannebuttik Liewensbam:

Partager