Black Moon Werifesteria

Black Moon Werifesteria Liichtfrequenzen, Klang- & Quantenheelung
Heelkraider, Naturspiritualitéit & nordesche Schamanismus
Urweiblechkeet & Séilefotografie
magesch Kreatiounen

E Schutzkranz deen ech mat Intentiounen geweckelt a besprach hun.Desen ass verkaaf, ech maachen geschwenn rem neier.
22/05/2025

E Schutzkranz deen ech mat Intentiounen geweckelt a besprach hun.

Desen ass verkaaf, ech maachen geschwenn rem neier.

E flotte Metten an nach mei flotter Begleedung ✨ Wenschen e schéine WE
16/05/2025

E flotte Metten an nach mei flotter Begleedung ✨

Wenschen e schéine WE

Ech hun vun der feireger Freijoersenergie profiteiert fir Talismaner ze maachen mat der Berkana Run. Des Run steet fir d...
15/05/2025

Ech hun vun der feireger Freijoersenergie profiteiert fir Talismaner ze maachen mat der Berkana Run.

Des Run steet fir d’Kraaft vun der Bierk. Si steet fir d’Freijoersenergie an d’Kraaft vun der Transformation, der Widgebuert. Si steet och fir d’Fruuchtbarkeet, am natierlechen Senn, mee och doriwwer eraus am Senn vun neien Kreatiounen, Kreativiteit, neien Ideeën.

Des si schon all adoptéiert gin, mee wanns du nach eng wells kanns du dech gären mellen.

Se sin mat de passenden Intentiounen gebrannt an mat Liichtfrequenzen versiggelt.

15€ (+4€ Versand hei zu Letz)
Bei Interessi 👉🏻 MP oder Comment hei drenner ✨

Den Hag an d'Hex - Grenzen tescht Materie an onsiichtbare Welten1. Den HagDe Wäissdorn och Hagedorn genannt ass keng Wël...
14/05/2025

Den Hag an d'Hex - Grenzen tescht Materie an onsiichtbare Welten

1. Den Hag

De Wäissdorn och Hagedorn genannt ass keng Wëllplanz, mee gehéiert zu den Hagen. "Hag" ass en aalt Wuert fir Hecke mat Dornen, déi dofir benotzt gi sinn, fir Terrain‘en ofzetrennen. Bis haut fënnt een de Wäissdorn ganz oft mat anere pickegen Hecke ronderëm Wisen als Grenz. Domat dréit de Wäissdorn, sou wéi all aneren Hag, d’Thema vun der Grenz a sech.

Dëst geet nach bësse méi wäit: zu Zäite wou déi éischt Dierfer entstane sinn, war d’Kierch beméit hier Leit am Duerf ze halen. D’Leit haten an Zäite vum Heedentum eng déif Verbindung zur Natur an hunn all hier Ritualer dobausse gehalen. Wärend der Christianiséierung, fir d’Leit an d’Kierch ze kréien an déi wëll Säit méi stëll ze halen ass dorop opgebaut ginn, dass d’Sécherheet an den Zuele vun der Gesellschaft ze fanne wier, am Liewen an der Gemeinschaft an dass d’Natur eng Gefor géif duerstellen. An dësem Gedankegang sinn d’Dierfer mat Hagen zougemaach ginn, fir déi wëll Déieren dobaussen ze halen an d’Gemeinschaft ze schützen awer och fir d’Leit besser am A ze halen. Ween sech ausserhalb vum Hag opgehalen huet ass séier als Kriminell, wëllen Heed oder Hex vernannt ginn. Den Hag ass zum Schwellesymbol ginn, hannert dem Hag war déi geféierlech Welt vun deenen déi hier wëll Ritualer net wollten opginn. Den Hag gouf domat och bildlech zum Symbol vun der Anderswelt.

2. Hagazussa

Wat dëst verstäerkt huet ass, dass d’Kraiderfraen ganz vill Zäit beim Hag verbruet hunn, well si hunn natierlech seng Medezin kannt. Nieft dëser logescher Erklärung dierf een nach e Stéck méi wäit goen, well des Fraen haten ee Been an der mënschlecher Welt an hunn mat hiren Kraiderpreparatiounen de Mënsche gedingt an ee Been an der geeschtlecher Welt, wou si sech mam Onsiichtbare verbonnen hunn. Sou ass d’Bild vun der Hex entstan, déi déif mam Hag verbonnen ass.

Si ass Hagazussa genannt ginn, aus deem spéider dat Wuert Hex entstan ass. Hagazussa aus dem alhéichdäitsche Wieder Hag (Heck, Zonk) an zussa (setzen, reiden) gëtt domat als "Zaunreiterin" iwwersat, den Hag als Grenz an Zaun an d’Hex déi tëschent des 2 Welte reest an iwwerall doheem ass. Dëst Wuert fënnt een am alengleschen "Haegtesse" erëm an och do dréit et déi selwecht Bedeitung (fence rider). Hag gëtt bis haut am Däitsche benotzt fir des pickeg Hecken, Hex ass aus dësem Wuert gebuer ginn an am engleschen heescht dat selwecht Wuert “hag” Hex. Do mierkt ee wéi déif verwuerzelt dat Ganzt ass a wéi Sproochen déi selwecht Magie droen.

Des Hex steet symbolesch fir d’Grenz tëscht dem mënschlechen an der wëller Natur, dem Siichtbaren an Onsiichtbaren, dem Hellegen a Profanen.

Natierlech ass dat eleng schonn de Grond wisou d’Kierch des Figur gefaart huet, net nëmme wéinst hirem Wëssen an hirer Kraaft, mee wéinst dësem Status vun “tëschent de Welten”, deen d’Kierch net konnt dulden. Et kann een dëse Gedankenzoch weiderféieren, si ass net just verbrannt gi fir dat war si war, mee virun allem dat wat si representéiert huet.

‎"Eng Hex ze sinn ass an de Räimer ze liewen wou kee sech traut op eng Landkaart ze bréngen."‎

Bild: House of Lumhia - a sacred cocreation.

E klengt Vollmoundritual op mengem Baussenaltoer. Ech hu mech dei läscht Zäit rem ganz vill mat menger eegener Stemm aus...
13/05/2025

E klengt Vollmoundritual op mengem Baussenaltoer.

Ech hu mech dei läscht Zäit rem ganz vill mat menger eegener Stemm auserneen gesat, d’Kraaft vun de Wieder, d’Woureschten ausschwätzen.

Dorauser sin puer Ritualer entstan, e Sigil ass entstaan, desen ass op Holz gebrannt gin a mat der Vollmound Energie opgelueden ginn. Och ass an de läschten Deeg main eischt Lidd entstaan, dat huet och dierfen gesongen ginn.

De Vollmound huet mech heieren
An jo d’Noperen wahrscheinlech och

Let the fire know my name 🔥

De Waissdorn - si hat mer vill ze zielen. Ech hun hier Bleien a Blieder mat gréisster Fürsorge geerntet, ech hun gelausc...
12/05/2025

De Waissdorn - si hat mer vill ze zielen.

Ech hun hier Bleien a Blieder mat gréisster Fürsorge geerntet, ech hun gelauschert an opgeschriwwen an doheem ukomm hun ech e Mountwaasser an eng Tinktur ugesat. Beid konnten d’Energien vum Vollmound op mengem Baussenaltoer ophuelen.

En Text iwwert de Wäissdorn kennt an de nächsten Deeg.

De Vollmound steet firun der Dier an ech notzen desen Ament den Owend fir mech mam Wäissdorn ze verbannen. Ech spieren z...
11/05/2025

De Vollmound steet firun der Dier an ech notzen desen Ament den Owend fir mech mam Wäissdorn ze verbannen. Ech spieren zanter Deeg, dass e mer eppes ze zielen huet.

Muer zielen ech ganz gären méi doriwwer an och wat doraus huet dierfen entstoen.

Wenschen e schéinen Owend.

Picture: From the altar of wild devotion to the edge of cosmic rebellion—this is a glimpse into the House of Lumhia - a sacred cocreation.

Ech brennen nach emmer lichterloh mam Feier vu Beltane. Weis du villaicht gelies has, hat ech dei grouss Freed um Walpur...
02/05/2025

Ech brennen nach emmer lichterloh mam Feier vu Beltane. Weis du villaicht gelies has, hat ech dei grouss Freed um Walpurgis Festival am Ellergronn deelzehuelen.

Wéini wees de dass en Owend gelonge war? - Wanns de keng eng Foto gemaach hues.

An du wees ech sin dat wat emmer Fotoen mecht, virdrun, während an dono, well ech dei Momenter gären well festhaalen.

Ech war einfach am Beltane Rausch an hun geschwat, gedeelt, Leit gedreckt, gelaacht wéi nach ni. Ech wollt op desem Wee jidderengem Merci soen dee laangtkomm ass fir mech ze ennerstetzen, leifzedrecken oder mer e Breidchen oder eppes ze drenken ze brengen. Och jiddereen deen mech iwwert des Sait kannt huet an dese Moment genotzt huet fir mech dann am Fleesch kennenzeléieren a jiddereen deen mech, meng Aarbescht wärtgeschat huet. Ech sin onendlech Dankbar fir dei ganz Leift mat deier ech reegelrecht zougeschott gi sinn.

Ech soen och “Lovers Of the Youniverse” villmols merci fir dese gailen Owend (net sorry, mee dofir get et keen aanert Wuert) dee genee dei richteg Leit zesummebruet huet. Ech sin oft getriggert mam Thema “Community” an “zesummen” an eiser Realiteit an deen Owend hun ech dat awer genee sou gespuert. Eng tribe dei zesummekomm ass fir zesummen d Feier vu Beltane nach mei heisch liichten ze loossen.

A well ech wei gesot keng Foto hun kriss de hei eng vu menger midder Schnuff, fresch opgestan mat midden Aen voller Dankbarkeet. Ongefiltert, onverscheinert, raw. Sou wei ech ♥️

D’Energie vu Beltane - zanter dem Weekend kribbelt se ënnert der Haut an ech  beobachten se mat Interessi. Elo fillen ec...
29/04/2025

D’Energie vu Beltane - zanter dem Weekend kribbelt se ënnert der Haut an ech beobachten se mat Interessi. Elo fillen ech se an de Schanken a notzen de Moment fir Wieder doriwwer fléissen ze loossen.

Pragmatesch gesinn ass Beltane den Ufank vun der suergloser Zäit – keng Donkelheet, keng Keelt, keng Hongersnout. Alles wiisst, alles blitt, d’Deiere sinn am Fréijoersrausch. D’Liewe feiert hiren Héichpunkt an hirer voller Pracht, et ass e Fest vun Euphorie a wëllem Danz, sou wéi d’Natur eis et fiermëcht.

Am keltesche Joreskrees steet Beltane géigeniwwer Samhain, dem Fest vum Doud, a jiddereen deen sech scho bëssen domat befaasst huet, weess genee, dass och domat net ze spaassen ass. Et ass ee vun deene Momenter am Joer wou de Schleier tëschent de Welte ganz dënn gëtt a gefillt, mat den Energien déi déi läscht Joren ëmmer rëm op e Neits sou gepusht hunn, déi Schleieren ëmmer méi dënn ginn an op dësen Deeg quasi verschwannen. Wann Samhain den Doud feiert an e groussen Abschid ass, feiert Beltane d’Liewen an e glécklecht Wëllkomm zréck. Awer net d’Liewe wéi an engem Billerbuch, mee d’Liewe mat all senge Facetten.

Ech wollt hei awer kee pragmateschen Text schreiwen, mee bësse mat dir deelen, wat déi Deeg duerch mech gelaf ass vun Impulser, Gedanken an Emotiounen. Villäicht kanns du awer och guer näischt domat ufänken, an dat ass och ok. Ech si net gewinnt hei sou perséinlech Impulser ze deelen, déi aus menger Liewenserfarung entstinn an awer weess ech dass déi Saachen net aus Dommheet duerch mech fléissen an déi eng oder aner Séil egal wéi kann erreechen.

Wann s de bereet, bass géif ech dech alueden dech op des Energie anzeloossen, mee kleng Virwarnung: Beltane ass näischt fir schwaach Nerven.

Beltane ass fir seng grouss Feieren, déi op dësem Fest ugefaange ginn, bekannt. Jo et geet wéi ëmmer beim Thema Feier em Rengegung, Ales verbrennen, Neies entstoe loossen. An jo et ass e glécklecht Wëllkomm vun der Natur a vum Liewen, mee déi Séilen déi sech trauen genau hinzefillen, déi spiere genee – et ass OCH a VIRUN ALLEM eng Aluedung fir en Heemkommen, e Wëllkomm zu sech selwer, oder eng Opportunitéit fir rëm komplett bei sech zréckzefannen.

D’Feier vu Beltane steet fir d’Liewen - net fir d’Liewen aus dem Billerbuch, mee fir d’Liewen a senger puerster Form, sou wéi et wär, wann s du net misst 10 To Do Leschten ofklappen, am Stau stoen, schaffen, Hausfra, Mamm, Fra, Frendinn, Duechter (an déi aner vill Masken déis de mat der dréis) sinn, mee deng eenzeg Aarbecht wär deng Flam ze pfleegen a nären. Beltane steet fir däin ënnerlecht Feier.

A lo kennt den tricky Part:

Kuck der déi Flam mol un, ass se kleng a schwaach, hues du villäicht ënnerwee vergiess no dengem Feier ze kucken? Elo ass de richtege Moment fir dëst Feier grouss brennen ze loossen, well dëst Feier freet fërmlech dono d’Stäre vum Himmel ofzefakelen.

Beltane luet dech an dech mat dengem ënnerleche Feier ze verbannen, mat denger Leidenschaft, mat denger Kreativitéit, denger Sexualitéit, denger ënnerlecher Kraaft.

Bass du gutt mat dëser Säit vun dir connectéiert an ass des Flam gutt um Brennen, da kanns du d’Energie vu Beltane notze fir dech an deng Undeeler ze feieren. Looss alles lass fir een Ament, all Gedanken, all Glawen, gei an d’Spieren a feier dech sou wéis du et am Beschten kanns. Fir Beltane fir sech ze feieren an ze liewen, muss ee net plastesch ronderëm d’Feier danzen obwuel dat natierlech eng ganz gutt Alternativen ass – d’Hexe vun der Walpurgisnuecht wosste schonn deemools wat gutt wär, mee alles wat deng Liewensflam, deng Leidenschaft, deng helleg Sexualitéit, déift Lassloossen an deng puer Freed erwächt ass natierlech erlaabt an erwënscht. Looss dech vun der berauschender Energie vun dësem hypnotesche Joreskrees droen a vertrau denger Séil.

Huet däi Feier gelidden, hues du deng Kreativitéit, deng Leidenschaft aus den Ae verluer an deng ass Flam geschwächt, da kann et sinn, dass de em des Deeg villäicht eng Trauer verspiers. Oder awer och eng Frustratioun, eng Roserei, well deng ënnerlech Gëttin ganz genee weess, wéi et ass, mat erhobener Broscht dëst Feier ze spieren, ze liewen.

Wat schéin ass, Beltane ënnerstëtzt dech sou gutt wéi keen anert Fest dobäi, dir des Deeler rëm zréck ze eroberen. Et stécht souvill an der Kraaft vum Feier an du kanns se fir dech notzen.

Jo Beltane ass d‘Fest vum Liewen, mee

Beltane brennt.

Beltane steigt op.

Beltane rappt a Fatzen.

Beltane verlaangt Widdergebuert.

Gëff selwer zum Feier, looss déi Deeler déi dëse Wanter geschlof hunn oder souguer gestuerwe sinn, ofbrennen. Erënner dech un deng Kraaft, erënner dech un deng Muecht, looss deng Flam hell brennen, bis d’Sonn am Universum Konkurrenz kritt. A wann de fäerdeg bass, sëtz an den Äschen a looss Neies zum Liewen entstoen.

Natierlech kléngt déi romantiséiert Versioun schéin, mee wann s du schonn um Wee vun der Selbsterkenntnis bass, weess de dass sou Momenter, sou Asiichten net einfach a mat Sécherheet oft net agreabel sinn. Dofir hu mir oft Tendenz genau do wechzekucken. Mee wann s du dëse Moment notz, da stells de fest dass villäicht e puer Tréinen musse fléissen, fir déi al Versioun vun dir, dee Käfeg deen ze kleng ass, aus deem s de ausgewuess bass.

Villäicht spiers de awer deen Deel an dir, deen net méi wëll weidermaachen, ouni dëst Feier, an dann ass elo de Moment fir sech mat dësem Undeel ze verbannen an am nächste Schratt deng Muecht zréckzehuelen, fir endlech d’Kinnigin vun dengem Liewen ze ginn an däi Feier rëm zur dénger Prioritéit ze maachen.

Beltane ass deen Ament villäicht d’Péng, d'Tréinen, déi wëll Freed, déi mat der Trauer fir dat waats de lassloosse wëlls, muss, dierfs, verwéckelt ass.

Dann ass et elo de Moment fir dech, dech bei däi Feier ze setzen. Mee traus de dech och, net ewech ze kucken?

✨ D’Magie vun engem Ritual ✨Haut huet e Ritual fir mech alleng dierfen fléissen. Neiliicht ass de perfekte Moment fir Ne...
27/04/2025

✨ D’Magie vun engem Ritual ✨

Haut huet e Ritual fir mech alleng dierfen fléissen.

Neiliicht ass de perfekte Moment fir Neies an sai Liewen ze ruffen. Ech spieren dobäi ganz kloer, dass eng nei Versioun vu mir an d’Liewen well geruff ginn.

Dofir hun ech haut e Ritual fir mech ganz alleng gemaach, fir meng aal Versioun vu mir, dei lues um stierwen ass, mat all sengen Ängschten, sengen limitéiernden Gedanken an sengen Mindf**ks lasszeloossen.

Dat ass definitiv net “neies a sai Liewen ruffen” sees de lo? Nee, dat stemmt. Mee amplaatz mech op de Moundkalenner oder en inspiréiernden 0-8-15 Insta Post ze baséieren, hun ech mech op mai Bauchgefill verlooss, dee kloer dono gejaut huet eng grouss Botz ze maachen.

Dono hun ech mech duerch d’Kraaft vum Bäifouss, dee rengegt, zum Fléissen brengt a schützt mat den 3 Gëttinen verbonnen, déi déif mam Bäifouss verwuerzelt sinn, an em Ennerstetzung gebied.

1/ Artemis - dei fir d’Intuitioun an dei ongeziggelt Fräiheet steet ;
2/ Hekate - dei de Schlëssel duerch Daischterheet dréiht an duerch schwéier Iwwergäng begleed ;
3/ Freya - déi fir d’Leidenschaft, Liewenskämpf a n dei nordesch Magie (seiðr) steet.

Dobai huet dierfen alles fleissen gelooss ginn, Wieder an Emotiounen. Dobai ass getrommelt a gesongen ginn.

D’Ängscht sin a mengem Feier zu Äschen ginn, des Äschen hun dierfen dem hellegen Hielenner iwwerdroen ginn.

Am Uschloss sin nei Intentiounen geplanzt gin.

Ech hun dei läscht Meint vill Ritualer gemaach, fir de Joreskrees, fir bestemmten Momenter. Dobai hun ech vergiess dass ech dierf Ritualer fir mech a meng Themen maachen. Dass ech mer dei Muecht a Kraaft dierf zreckhuelen. Back to the roots - sou wei Spiritualiteit deemols fir mech huet dierfen ufänken.

Villaicht inspireieren ech dech domat och, dat fir dech ze maachen. Ech hun mir haut jiddefalls versprach, de Sonnen geheiert ab elo rem mengen eegenen Ritualer ✨

Et ass rem zimmlech roueg op menger Säit ginn… bei mir laafen zanter Dezember souvill Prozesser dass ech wierklech extre...
25/04/2025

Et ass rem zimmlech roueg op menger Säit ginn… bei mir laafen zanter Dezember souvill Prozesser dass ech wierklech extrem vill Raum an Zait fir mech brauch.

Ech si schon e Mensch deen am happy perfekten Balance Zoustand iwwerdriwwen vill “me time” braucht an ech mengen ech sin de Moment an enger Zäit a mengem Liewen ukomm, wou dat bal net z’iwwertreffen ass.

Dofir kennt grad sou zimmlech jiddereen ze kuerz - ech brauch Éiwegkeeten fir op meng Messagen ze äntweren, egal op Famill, Frenn oder Client’en. Falls du nach op eng Äntwert vu mir waards - deet et mer schrecklech Leed , et ass op kee Fall perséinlech, ech geet grad net méi séier.

Allgemeng dreint et bei mir vill mei lues, ech kann net souvill leeschten an ginn wéi ech mer dat an enger Idealwelt fierstellen géiff. Ech verdroen net souvill social media an virtuell Kontaker.

An lo üben ech mech doranner, dat unzehuelen, well mer den Ament naischt anescht iwwreg bleift ✨

Hei ass eng Hexefläsch an engem neien Format dei ech gemaach hun. Kreativ Zait am Hexekeller verbrengen, dar kréien ech den Ament gudd hin an et mecht mech richteg frouh ✨

Den hellegen Dag wou ech endlech main Troun fonnt hun 😇😂
16/04/2025

Den hellegen Dag wou ech endlech main Troun fonnt hun 😇😂

Adresse

Esch-sur-Alzette

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Black Moon Werifesteria publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Black Moon Werifesteria:

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram