Kiné Esch

Kiné Esch Cabinet de kinésithérapie et ostéopathie

24/12/2020
03/12/2020
11/11/2020
19/08/2020
Mäin Numm ass Stefan Hegermann a viru 7 Joer hunn ech meng Ausbildung fir d'Kinésithérapie ofgeschloss. Schonn a mengem ...
05/07/2020

Mäin Numm ass Stefan Hegermann a viru 7 Joer hunn ech meng Ausbildung fir d'Kinésithérapie ofgeschloss. Schonn a mengem leschten Ausbildungsjoer hunn ech als Sportskiné fir d'Rugby Nationalequipe a fir de Rugby Club Luxembourg geschafft an esou meng éischt Experienzen am Beruff gesammelt.
Vun 2013 bis 2017 war ech dunn als Kiné am Cabinet vum Marc Peters zu Uespelt agestallt, wou ech zousätzlech och Course fir funktionellen Core Training, Fitness Course fir d'fräiwelleg Pompjeeën an e Cours a Kombinatioun mat enger Ernährungsëmstellung gehalen hunn.
D'manuelle Lymphdrainage an d'manuelle Therapie waren zwou Formatiounen, déi ech direkt am Uschloss gemaach hunn.
Parallel dozou hunn ech nach als Instruktor fir MedicalFlossing a fir RockTape ugefaangen ze schaffen.

Um Ackermann College konnt ech eng Formatioun fir "sanfte Chiropraktik" an "strukturelle Osteopathie" absolvéieren, wat mech motivéiert huet dat Ganzt nach méi am Detail ze léieren. Dofir hunn ech mech 2015 an der IFAO fir d'Osteopathie ageschriwwen a wäert am September 2020 mäi Studium kënnen ofschléissen.

Tëschenzäitlech hunn ech och nach an der Schwäiz un der David G Simons Academy "DryNeedling" geléiert.

2017 krut ech dunn déi super Occasioun als Associé an eiser Praxis zu Steesel eranzeklammen.
2018 koum mäi Bouw Étienne op d'Welt, dee mir ganz vill Freed mécht a mir nach méi Motivatioun an Energie schenkt.

Well ech e Mënsch sinn deen Erausfuerderungen sicht, koum mir och d'Iddi zousätzlech nach en neien Cabinet opzemaachen.
Dës Kéier mat engem, nieft der klassescher Kiné, neie Konzept wou ech d'Osteopathie benotze wäert fir den Training, respektiv divers Exercicen ze optimiséieren.

Well mir meng Patienten an den Erfolleg vun der Therapie ganz wichteg sinn, wäert ech och an Zukunft probéiere mech weider ze entwécklen an Erausfuerderungen ze sichen.

Mäin Numm ass Anna Beissel, ech sinn 28 Joër jonk a schaffe säit bal 3 Joer am Beruff.2013 hunn ech zu Köln op der Hochs...
01/07/2020

Mäin Numm ass Anna Beissel, ech sinn 28 Joër jonk a schaffe säit bal 3 Joer am Beruff.

2013 hunn ech zu Köln op der Hochschule Fresenius mam Studium fir Physiotherapie ugefaangen. An deene 4 Joer konnt ech dann och scho verschidden Therapieusätz léieren, wéi Kinesiotaping, manuelle Lymphdrainage an Dorn-Therapie.
2017 hunn ech meng Examen an meng Bacheloraarbecht ofgeschloss a konnt zimmlech séier beim Stefan am Cabinet zu Steesel als Kiné ufänken.

Uschléissend u mäi Studium hunn ech Formatioune fir CMD (Cranio Mandibuläre Dysfunktion) souwéi fir d'Tanzberger Konzept gemaach.

Duerch d'Zesummenaarbecht mat der Dammenequipe am Fussball vun der Entente Aspelt/Remich-Bous konnt ech och en Abléck an d'Sportskiné kréien, wou ech an noer Zukunft och wäert d'Formatioun untrieden.

Perséinlech sinn ech e sportlechen Mënsch an hale mech selwer mat Crossfit a Fussball fit.
Meng Ziler sinn et de Patienten d'Freed un der Beweegung méi no ze bréngen an zesummen de Wee aus Verletzungen a Feelbelaaschtungen ze fannen.

21/06/2020

Adresse

19, Rue Guillaume Capus
Esch
4071

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 19:00
Mardi 08:30 - 19:00
Mercredi 09:00 - 19:00
Jeudi 08:30 - 19:00
Vendredi 09:00 - 17:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Kiné Esch publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Kiné Esch:

Partager