15/04/2026
📣 Mir sinn houffereg de Kick-off vun eisem éischte Comité Patient-Partenaire bekannt ze ginn!
Firwat ass dëst e wichtege Schrëtt fir eis? Well keen d'Erausfuerderunge vum Gesondheetswiesen besser versteet wéi déi, déi se all Dag erliewen. Dëse Comité ass méi wéi just e Berodungsorgan: et ass eng Plaatz vu Kooperatioun wou Patienten, hir Familljen a Gesondheetsspezialisten Hand an Hand schaffen.
Eis Ziler:
✅ Den Accueil an d'Ënnerstëtzung verbesseren.
✅ Administrativ a medizinesch Prozesser vereinfachen.
✅ Eng méi mënschlech a personaliséiert Versuergung garantéieren.
E grousse Merci un d'Grënnungsmembere fir hiert Engagement a Vertrauen. Zesummen gestalte mir d'Zukunft vum Gesondheetswiesen. 🤝