Benoît Ney & Collaborateurs - Psychologues

Benoît Ney & Collaborateurs - Psychologues Benoît Ney & Collaborateurs ass eng psychologesch Praxis zu Ettelbréck.

Eist Team vu Psychologinnen a Psychologe begleet Mënschen an Zäite vun Ongewëssheet, Orientéierungslosegkeet an emotionalem Leed.

Psycholog ❓ Psychiater ❓ Psychotherapeut ❓ Mir gesinn ëmmer nees, datt vill Leit net genee wëssen, wou den Ënnerscheed l...
16/02/2026

Psycholog ❓ Psychiater ❓ Psychotherapeut ❓ Mir gesinn ëmmer nees, datt vill Leit net genee wëssen, wou den Ënnerscheed läit.

Dat féiert heiansdo zu Onsécherheet - oder dozou, datt Leit guer keng Hëllef sichen, obwuel si se bräichten.

👉 Op de Grafike fannt dir eng kuerz Iwwersiicht fir méi Kloerheet.
______________________________________

E ganz wichtege Punkt:
✔️ Den Titel “Psychotherapeut” ass zanter 2015 geschützt.
❗ Den Titel “Psycholog” net.

Dat heescht: Aktuell däerf zu Lëtzebuerg jiddwereen psychologesch Begleedung ubidden, och ouni psychologesch Qualifikatioun. 💀

👉 Dofir: Ënnerstëtzt déi offiziell Petitioun hei drënner fir méi Transparenz, méi Schutz fir Patient*innen an d’Perspektiv op Remboursement.
https://url-shortener.me/c/hei-klicken-fir-bei-d-Petitioun (offizielle Link an de Kommentarer)
______________________________________

Kuckt och ëmmer no Qualifikatiounen an Ausbildung!

Dir fannt dës Detailer op:
• slp.lu (Psychologen)
• collegemedical.lu (Psychotherapeuten / Psychiateren)
• ONE (fir Kanner & Jugendlecher bis 27 Joer)
______________________________________

❗ Wann dir negativ Gedanken hutt wéi
“Dat hëlleft souwisou näischt”
oder
“Ech brauch dat net”.. da kann dat selwer schonn en Deel vun der psychescher Problematik sinn.

Loosst déi Gedanken net Iwwerhand huelen.

Et gi qualifizéiert Professioneller, déi iech serieux a kompetent begleeden.

👉 Sech Hëllef ze sichen brauch Courage a beweist Stäerkt.

Mir freeën eis, nei Mataarbechter an eiser Equipe begréissen ze dierfen.Mam Frauke Rost a Yannick Rathmacher gëtt eis Pr...
11/02/2026

Mir freeën eis, nei Mataarbechter an eiser Equipe begréissen ze dierfen.

Mam Frauke Rost a Yannick Rathmacher gëtt eis Praxis ëm nei Perspektiven a fachlech Kompetenzen erweidert. Si begleede Mënschen a verschiddene Liewenssituatiounen a stäerken eis psychologesch Offer.

Weider Informatiounen iwwer eist Team fannt Dir op eiser Internetsäit:
https://benoitney.lu/team

🌿 Un accompagnement psychologique – centré sur l’humain, ancré dans la réalitéChez Benoît Ney & Collaborateurs, nous pro...
26/07/2025

🌿 Un accompagnement psychologique – centré sur l’humain, ancré dans la réalité

Chez Benoît Ney & Collaborateurs, nous proposons un cadre de travail confidentiel, exigeant et bienveillant. Nos consultations s’articulent autour de quatre axes essentiels :

🔹 Consultation psychologique
Un soutien professionnel pour traverser une période difficile, comprendre certains schémas ou prendre soin de sa santé mentale.
👉 Pour adultes

🔹 Relations & Vie familiale
Accompagnement dans les tensions ou transitions relationnelles, pour mieux comprendre les dynamiques à l’œuvre et retrouver des liens plus sains.
👉 Pour couples, parents et familles

🔹 Adolescents & Jeunes adultes
Un espace d’écoute adapté aux jeunes, pour se construire dans un monde complexe.
👉 Pour adolescents à partir de 16 ans

🔹 Approches psycho-corporelles
Des méthodes telles que la respiration, la relaxation ou la pleine conscience, pour apaiser l’esprit à travers le corps.
👉 En individuel ou en groupe

📍 Consultations au cabinet à Ettelbruck ou en visioconférence
🌍 En LU · DE · FR · EN



📩 Prenez rendez-vous ici :
👉 https://benoitney.lu/disponibilites

Cabinet de psychologie à Ettelbruck pour adultes et adolescents, offrant un accompagnement confidentiel et personnalisé pour gérer souffrances et incertitudes. Consultations en français, luxembourgeois, allemand, anglais et espanol. Prenez rendez-vous dès aujourd'hui.

Bezéiungen a Familljeliewen – professionell begleet.Dir erlieft aktuell Spannungen an ärer Koppel, schwéier Gespréichssi...
22/07/2025

Bezéiungen a Familljeliewen – professionell begleet.
Dir erlieft aktuell Spannungen an ärer Koppel, schwéier Gespréichssituatiounen an der Famill oder fillt Iech an äre Bezéiungen ëmmer erëm onverstanen?
An eiser Praxis zu Ettelbréck bidde mir ënnert anerem psychologesch Berodung fir Erwuessener, Koppelen a Famillen – mënschlech an diskret.

🔹 Wou kënne mir hëllefen?
– Kommunikatiounsproblemer a Koppelkonflikter
– Trennung, Scheedung & Patchwork-Konstellatiounen
– Elteren- a Familljekonflikter iwwer Generatiounen eraus
– Emotional Ofhängegkeet oder sëch widderhuelend Musteren
– Selbstwäert a perséinlech Bezéiungsbedierfnesser
– Gefiller besser verstoen an ausdrécken

🧭 Fir wien?
Erwuessener – Koppelen – Elteren – Familljen

🕰️ Wéi leeft et of?
D’Sëtzungen dauere 50 Minutten (90 Minutte fir d’éischt Gespréich, wa gewënscht).
Op der Plaz an eiser Praxis zu Ettelbréck oder online.

💶 Präis: 145 € pro Sëtzung (260 € fir 90 Minutten)
Net rembourséiert duerch d’CNS.

📅 PRENDRE RENDEZ-VOUS:
https://benoitney.lu/disponibilites

📬 Bei Froe kënnt Dir Iech gären direkt un eis wenden.

Expertise en relations familiales, coaching parental et gestion des conflits pour renforcer le lien familial et améliorer la communication.

Adresse

25, Grand-Rue
Ettelbruck
L-9050

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Benoît Ney & Collaborateurs - Psychologues publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram