03/04/2026
Ech hu mir di lescht Méint ëmmer méi oft d‘Fro gestallt, wat eise Kierper eigentlech wierklech brauch,
fir nohalteg an engem reguléierten Zoustand ze bleiwen.
Well jo, meng Massagë wierken.
Och Nervesystem-Regulatiounsübunge wierken.
Si bréngen Entlaaschtung a Rou.
Si bréngen dech erëm e Stéck zeréck bei dech.
Mee ech hunn och gemierkt, dass si oft à long terme net duer ginn.
A wann ech éierlech sinn, hat ech ëmmer d’Gefill ‚Do ass nach eng Schicht drënner‘.
Eng Schicht, déi mir mat Beréierung a Regulatioun eleng net erreechen. An genee déi Schicht huet sech mir an de leschte Wochen ëmmer méi gewisen:
Wann d’Nährstoffversuergung net stëmmt,
funktionéiert de ganze System net.
Sou einfach.
Sou onbequeem.
Well mir schwätzen hei net iwwer „e bësse méi gesond iessen“. Mir schwätzen iwwer deng Zellen.
Iwwer ronn 70 Billioune kleng Eenheeten, déi entscheeden, ob däi Kierper am Gläichgewiicht ass oder net.
Wann deng Zellen aus der Balance gerode sinn,
ass däi ganzt System am Ongläichgewiicht.
Da kanns du uewe reguléieren,
maachen, spieren, léisen…
däi Kierper kënnt ëmmer erëm zréck an d‘Dysbalance.
E wichtege Punkt dobäi ass d’Fluiditéit vun denger Zellmembran.
Si entscheet, wéi gutt deng Zelle kommunizéieren, wéi gutt Närstoffer opgeholl ginn a wéi flexibel däi ganzt System iwwerhaapt reagéiere kann.
An genee hei fänkt fir mech elo en neien Deel vu menger Aarbecht un.
Net amplaz vu Beréierung.
Mee als Ergänzung.
Ech hunn ugefaangen, mech intensiv mat Theme wéi Fettsäuren-Balance an Zellgesondheet auserneenzesetzen a sinn dobäi ënner anerem op d’Firma Zinzino gestouss.
Virun allem op hieren Balance Oil. Keen einfachen Omega-3 Ueleg, mee en Ueleg, deen duerch seng Zesummesetzung genee do usetzt, wou vill Systemer aus dem Gläichgewiicht falen: bei der Fluiditéit vun der Zellmembran.
Wat mech awer bal nach méi iwwerzeegt huet:
Hei gëtt net einfach eppes recommandéiert. Du fänks mat engem Test un. Du gesäis schwaarz op wäiss, wou däi Kierper steet an vun do aus kanns du gezielt schaffen.
Net blann, mee bewosst.
An genee dat passt fir mech 100% zu menger Aarbecht.
Keen roden, keen iwwergoen a schéischwätzen.
Mee kucken, verstoen an dann ënnerstëtzen.
Net well ech „nach eppes verkafe“ wëll.
Mee well ech gemierkt hunn:
Wann mir de Kierper wierklech ënnerstëtze wëllen,
da musse mir op Zellebene ufänken.
Vläicht brauchs du net nëmmen déi nächst Massage, mee Konditiounen, ënner deenen däi Kierper sech iwwerhaapt reguléiere kann.
Wann s du virwëtzeg bass, wat däi Kierper wierklech brauch, schreif mir gär.