23/11/2023
Das verliert nie an Aktualität.
Be aware..
Moien, mäin Numm ass Depressioun an du gesäis mech net, ech verstoppe mech hannert engem Laachen. Ech verstoppe mech hannert Monterkeet, domat meng Famill a meng Kollege sech keng Suerge maachen. Ech sinn oft eleng, domat kee mech gesäit ewéi ech kräischen, ech weess wéi ech onbemierkt bleiwen. Ech schlofe schlecht an ech si midd, midd vum kämpfen an dovun déi Mask oprecht ze erhalen, déi mech zwéngt kee Verdacht ze schöpfen.
Ech fille mech eidel an ouni Undriff an ech hu keng Anung, wéi laang ech dat nach aushalen. Ech wëll kee belaaschten, well jiddwereen seng Problemer a Suergen huet, mee probéier ze verstoen, datt ech wann ech mat dir schwätze keng Rotschléi, keng Virwërf a keng Zeréckweisung brauch, mee Akzeptanz. Ech brauch kee Matleed, ech brauch Matgefill.
Ech hunn Angscht an ech hu keng Liewensfreed méi. Mäi Liewe fillt sech eidel a sënnlos un, an ech wéilt am Léifste wäit fort vu mir selwer, mee ech fille mech a mir gefaangen. Ech hätt gär Hëllef, mee ech weess net wien oder wéi ee mir hëllefe kann. Ech hunn Angscht net eescht geholl ze ginn oder guer ausgelaacht ze ginn, also behalen ech alles fir mech. Ech fille mech eleng well kee mech versteet.
Probéier ze verstoen, befiers du iwwer een uerteels, deem et schlecht geet. Depressioune sinn eng eeschtzehuelend Krankheet tëschent Liewen an Doud.