15/05/2026
Formule Reflexzonen-Behandlung a Lerncoaching
E puer Kanner droen eng Welt an sech, déi méi séier, méi intensiv a méi grouss ass wéi déi ronderëm si.
Bei Aufmerksamkeitsdefizitstörung oder ADHS weist sech dës besonnesch Perceptioun dacks dodran, datt Gedanken wanderen an de Fokus schwéier ze halen ass. Net well d’Kand et net wëllt – mee well et an deem Moment net anescht kann.
Et dréit keng Schold dorun.
Iwwer d’Féiss – eis Wuerzelen – huelen mär Energien op, déi sech dann am ganze Kierper verdeelen an op de Schwachstellen fir e Kraaftausgläich suergen. Kierper a Kapp kréien doduerch die néideg Balance zeréck.
Beréierung gëtt zu enger Invitatioun: méi lues ze ginn, unzekommen, sech selwer nees ze spieren.
Mat rouegen, kloeren Impulser entsteet e Raum, an deem d’Nervensystem sech dierf ordnen.
E Raum, an deem näischt verlaangt gëtt – an grad doduerch Verännerung méiglech gëtt.
Hei dierf d’Kand einfach sinn.
An genee doran läit dacks den éischte Schrëtt zeréck an déi eege Mëtt.
Fir Schüler bidden ech eng gemëschte Formel aus Reflexologie a Lerncoaching un.
E Lerncoach gëtt keng klassesch Nohëllefsstonnen, mee hëlleft dem Schüler erauszefannen, wéi hien am beschte léiert a wat déi effikasst Léiermethode fir hien oder hatt sinn.
Dës Formule soll am beschten aus mindestens fënnef Seancë bestoen. (D‘ Unzuel vun de Seancen ass individuell)
Bei all Séance fënnt:
• en Gespréich statt,
• eng reflexologesch Behandlung gëtt gemaach,
• an den 5 éischten Seancen et gëtt en Infobliedchen mat Tipps an Tricks (op Däitsch) ausgedeelt.
D’Behandlung selwer gëtt bei all Sëtzung individuell ugepasst, jee no Bedierfnisser, Alter a Sensibilitéit vum Schüler.
D‘Dauer variéiert je no Alter
Präis:
Primär Schüler pro Seance 50.- €
Lycée Schüler pro Seance 55.- €
Eng reflexologesch Behandlung oder eng aner alternativ Therapie ersetzt ni eng medezinesch Behandlung.
Mellt iech fir weider Informatiounen oder reservéiert Ären rendez-vous ënnert:
Tél & WhatsApp:
(00352) 621 72 82 58
Messenger: Cabinet de réflexologie PataVita
Adr: L-3658 KAYL, 17, rue de la Montée