ATVA - Agence pour la Transition vers une Vie Autonome

ATVA - Agence pour la Transition vers une Vie Autonome Die ATVA begleitet junge Menschen
mit besonderen Bedürfnissen

Dës Woch hat d’ATVA e wäertvollen Austausch mam Service Jeunesse vun der Stad Esch iwwer Méiglechkeete vu Stagen an Appr...
22/04/2026

Dës Woch hat d’ATVA e wäertvollen Austausch mam Service Jeunesse vun der Stad Esch iwwer Méiglechkeete vu Stagen an Apprentissagen fir Jonker mat spezifesche Besoinen.

📚 D’Schoulfoire 2026 ass offiziell op!De Moie gouf d’ Foire vum Educatiounsminister Claude Meisch offiziell mat enger Ri...
20/04/2026

📚 D’Schoulfoire 2026 ass offiziell op!

De Moie gouf d’ Foire vum Educatiounsminister Claude Meisch offiziell mat enger Ried opgemaach.

👉 Bis de Mëttwoch 22. Abrëll hunn d' Schüler d' Geleeënheet sech iwwer hir Zukunft, Schoulweeër an Ausbildungsméiglechkeeten z’ informéieren.

👉 Wat ass eng sozio-emotional Beanträchtegung?Verschidde Jonker hu Schwieregkeete mat hire Gefiller ëmzegoen, wat si am ...
09/04/2026

👉 Wat ass eng sozio-emotional Beanträchtegung?

Verschidde Jonker hu Schwieregkeete mat hire Gefiller ëmzegoen, wat si am Kontakt mat Aneren iwwerfuerdere kann.

Munchmol brauchen si Ënnerstëtzung fir ze léiere besser domat eens ze ginn an hiren eegene Wee ze fannen.

Mir kënne dës Jonker ënnerstëtzen eng passend Aarbecht ze fannen, wann si och scho vun engem Kompetenz-Zenter begleet ginn.

Schéin Ouschteren 🌷Mir wënschen Iech schéi Momenter, vill Sonn an eng roueg Zäit mat deene Leit, déi Iech wichteg sinn. ...
05/04/2026

Schéin Ouschteren 🌷

Mir wënschen Iech schéi Momenter, vill Sonn an eng roueg Zäit mat deene Leit, déi Iech wichteg sinn. 🐣

💙 Den 2. Abrëll ass Weltdag vum Autismus – Light It Up Blue! 💙Mënschen am Autismus-Spektrum hunn eenzegaarteg Stäerkten,...
02/04/2026

💙 Den 2. Abrëll ass Weltdag vum Autismus – Light It Up Blue! 💙

Mënschen am Autismus-Spektrum hunn eenzegaarteg Stäerkten, Talenter a Perspektiven - si verdénge Respekt, Versteesdemech an déi richteg Ënnerstëtzung.

D' ATVA begleet Jonker mat spezifesche Besoinen op hirem Wee an e selbststännegt Beruffsliewe 🧩 well jidderee seng Chance verdéngt.

Dës Woch haten eis Conseilleren d’ "Ateliers Kräizbierg" zu Diddeleng besicht.Si haten d' Geleeënheet en Abléck an déi v...
27/03/2026

Dës Woch haten eis Conseilleren d’ "Ateliers Kräizbierg" zu Diddeleng besicht.

Si haten d' Geleeënheet en Abléck an déi verschidden Atelieren ze kréien – vu Jardinage bis Sérigraphie – an interessant Gespréicher féieren.

Merci fir den oppenen Austausch an déi wäertvoll Andréck!

21/03/2026

21. Mäerz – Weltdag vum Down-Syndrom (Trisomie 21) 💙💛

D' ATVA steet fir Versteesdemech, Respekt an Inklusioun. 🤗🫱🏼‍🫲🏼🫶🏼

🌞 Schéine Weltdag vum Gléck an e schéine Fréijoersufank! 🌸🏵️🌼D’Sonn kënnt eraus, d’Deeg gi méi laang, et ass Zäit fir ne...
20/03/2026

🌞 Schéine Weltdag vum Gléck an e schéine Fréijoersufank! 🌸🏵️🌼

D’Sonn kënnt eraus, d’Deeg gi méi laang, et ass Zäit fir nei Energie, nei Chancen an nei Perspektiven.

Gléck läit oft an de klenge Saachen:
👉 engem Gespréich
👉 e Fortschrëtt
👉 eng Méiglechkeet
👉 nei Perspektiven

Mir wënschen Iech all vill Sonn, vill Energie a vill kleng Momenter vu Gléck. ☀️💪🏼✌🏼🍀

Am Februar a Mäerz hate mir am Centre pour le Développement Moteur (CDM) Workshoppen iwwert d’Aarbechtswelt gehalen: Vir...
13/03/2026

Am Februar a Mäerz hate mir am Centre pour le Développement Moteur (CDM) Workshoppen iwwert d’Aarbechtswelt gehalen: Virbereedung op den Aarbechtsalldag, Stagen, CV, Virstellungsgespréicher, ...

Mir soe Merci un de CDM an un déi motivéiert an engagéiert Schüler:innen fir de flotten Austausch.


Wat ass eng kognitiv Beanträchtegung?Dës Besonnechheet an der Entwécklung bréngt mat sech, datt de Jonke méi lues denkt ...
09/03/2026

Wat ass eng kognitiv Beanträchtegung?

Dës Besonnechheet an der Entwécklung bréngt mat sech, datt de Jonke méi lues denkt a léiert.

Si léieren an hirem eegenen Tempo well d’ Informatiounen anescht verschafft ginn. Dacks brauche si am Alldag eng Ënnerstëtzung.

Mat professioneller Hëllef kënnen di Meescht e selbststännegt Liewe féieren.

Mir vun der ATVA hëllefen dëse Jonker eng ugepassten Aarbecht ze fannen, wa si och scho vun engem Kompetenz-Zenter ënnerstëtzt ginn.

🌟 Mir sinn nach bis 16:30 um Belval Plaza, Stand 21! 🌟Komm laanscht an informéier Dech iwwer d' Beruffsbegleedung fir Jo...
18/02/2026

🌟 Mir sinn nach bis 16:30 um Belval Plaza, Stand 21! 🌟

Komm laanscht an informéier Dech iwwer d' Beruffsbegleedung fir Jonker mat spezifesche Besoine! 🚀

Adresse

29, Rue Aldringen
Letzeburg
L-1118

Heures d'ouverture

Lundi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Mardi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Mercredi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Jeudi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30
Vendredi 08:30 - 12:00
13:30 - 16:30

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque ATVA - Agence pour la Transition vers une Vie Autonome publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à ATVA - Agence pour la Transition vers une Vie Autonome:

Partager