Verbandskëscht

Verbandskëscht Hëllef a Fleeg doheem 💛
No bei Iech. Ëmmer do. 24/7
📞 28 30

05/05/2026

🇱🇺 Weltdag vun der Handhygiène 🧼

Propper Hänn sinn d'Basis vun all gudder Fleeg.

Eis Hygiène-Experten hunn e flotten Atelier organiséiert fir eis Ekippen op en Neits ze sensibiliséieren: mat enger spezieller Crème gesi mir direkt, wou mer beim Hänn wäschen dacks ze séier sinn. En Atelier, deen eis erënnert, wéi wichteg déi klengste Geste sinn an déi richteg Reflexer direkt an den Alldag ze integréieren.

Fir Iech, fir Är Famill a fir eis Patienten. 💙
Well och déi kleng Geste kënne schützen.


🇫🇷 Journée mondiale de l'hygiène des mains 🧼
Des mains propres restent la base de toute bonne hygiène.

Aujourd'hui, nos référents en hygiène animent des ateliers de sensibilisation pour nos équipes. Grâce à une crème, on visualise immédiatement les zones mal lavées. Un moment ludique et pédagogique qui affine le regard et ancre les bons réflexes.

Pour vous, pour vos proches et pour nos patients. 💙
Parce que même les petits gestes peuvent protéger.

🇱🇺 Haut ass den 1. Mee 💛 de Feierdag vun der Aarbecht. E grousse Merci un eis Delegatioun, déi sech Dag fir Dag fir d'Re...
01/05/2026

🇱🇺 Haut ass den 1. Mee 💛 de Feierdag vun der Aarbecht.

E grousse Merci un eis Delegatioun, déi sech Dag fir Dag fir d'Rechter an d'Wuelbefanne vun eisem Team asetzt. An e Merci un all eis Mataarbechter, déi mat Häerz an Engagement do sinn, och un de Feierdeeg.

Eist Team ass 24/7 am Asaz, well Fleeg keng Paus mécht.

🇫🇷 Aujourd'hui, c'est le 1er mai 💛 la Fête du Travail.

Un grand merci à notre délégation du personnel, qui s'engage au quotidien pour les droits et le bien-être de notre équipe. Et merci à chacun de nos collaborateurs, présents avec cœur et engagement, même les jours fériés.

Notre équipe est disponible 24/7, parce que le soin ne s'arrête jamais.

🇱🇺 Haut ass Weltdag vun der Mobilitéit an der Accessibilitéit.En Dag, fir drun ze erënneren, datt doheem bleiwen, sech f...
30/04/2026

🇱🇺 Haut ass Weltdag vun der Mobilitéit an der Accessibilitéit.
En Dag, fir drun ze erënneren, datt doheem bleiwen, sech fräi beweegen, net fir jiddereen einfach ass.
Bei der Verbandskëscht schaffen eis Koordinatoren all Dag drun, fir déi richteg Upassungen ze fannen: eng Rampe, en Haltegrëff, e Patientenheber. Kleng Verännerungen, déi wierklech eppes änneren.
Mir sinn do. 💛

➡️ Swipe fir méi ze gesinn.
👉 vbk.lu

🇫🇷 Aujourd'hui, c'est la Journée mondiale des mobilités et de l'accessibilité.
Une journée pour rappeler que rester chez soi, se déplacer librement, n'est pas une évidence pour tout le monde.
Chez Verbandskëscht, nos coordinateurs travaillent chaque jour à trouver les bonnes adaptations : une rampe, une barre d'appui, un lève-personne. De petits changements qui font vraiment la différence.
Nous sommes là. 💛

➡️ Faites défiler le carrousel pour en savoir plus.
👉 vbk.lu


28/04/2026

🇱🇺 Haut stelle mir Iech d'Almina vir, Travailleur désigné bei der Verbandskëscht.
Hat suergt dofir, dass eis Mataarbechter sech an all Situatioun a Sécherheet fillen.
Risiken evaluéieren, Ekippe forméieren, Infrastrukturen iwwerpréiwen, Noutsituatioune geréieren... mee hannert all dëse Gester steet eng einfach Iwwerzeegung: „D'Sécherheet ass net nëmmen eng Prozedur, mee eng Kultur, déi mir zesummen opbauen."
Well eng Ekipp, déi sech a Sécherheet fillt, kann sech voll a ganz op dat konzentréiren, firwat si do ass: sech em aner Mënsche këmmeren.
Merci, Almina. 💛

🎥 Entdeckt säin Portrait am Video.
👉 vbk.lu/jobs/

🇫🇷 Aujourd'hui, nous vous présentons Almina, notre Travailleur désigné chez Verbandskëscht.
Sa mission ? Que chaque collaborateur se sente en sécurité, dans chaque situation.
Évaluer les risques, former les équipes, vérifier les équipements, gérer les situations d'urgence... mais derrière tous ces gestes, une conviction simple : « La sécurité n'est pas seulement une procédure, c'est une culture que nous construisons ensemble. »
Parce qu'une équipe qui se sent en sécurité peut se consacrer pleinement à ce pour quoi elle est là : prendre soin des autres.
Merci, Almina. 💛

🎥 Découvrez son portrait en vidéo.
👉 vbk.lu/jobs/

24/04/2026

🇱🇺 Haut léiert Dir d'Harisa kennen, Kinésitherapeutin bei der Verbandskëscht.

D'Harisa këmmert sech bei Iech doheem ëm Är Mobilitéit an Äert Wuelbefannen. No enger Operatioun oder bei enger kierperlecher Beanträchtegung kënnt hat bei Iech Heem, hat hëlleft de Wei ze reduzéieren, Chutten ze vermeiden an d'Autonomie am Alldag zeréckzegewannen.

Wat d'Harisa besonnesch mécht?

Hat ass méi wéi eng Kinésitherapeutin. Hat ass eng Vertrauenspersoun, déi mat vill Freed, Passioun, Empathie an engem oppenen Ouer fir Iech do ass.


👉 Sidd Dir un dësem Service interesséiert? Maacht eng Ufro fir e Rendez-vous.
🎥 Entdeckt hei dem Harisa säi Portrait.



🇫🇷 Aujourd'hui, découvrez le portrait d'Harisa, kinésithérapeute chez Verbandskëscht.

Harisa prend soin de votre mobilité et de votre bien-être, directement chez vous. Après une opération ou en cas de handicap physique, elle vous aide à réduire les douleurs, à prévenir les chutes et à retrouver votre autonomie au quotidien.

Ce qui rend Harisa spéciale ?
Elle est bien plus qu'une kinésithérapeute. C'est une personne de confiance, qui exerce son métier avec joie, passion et une oreille toujours attentive.

👉 Vous êtes intéressé par ce service ? Effectuez une demande de rendez-vous.
🎥 Découvrez le portrait d'Harisa.

22/04/2026

🇱🇺 Ee mol am Mount kréien eis Seniore Besuch vu Muppen🐶, schnuckeleg Kanéngercher🐰 an droleg Mierschwéngercher🐹. Et gëtt geheemelt a geschmuust, gefiddert a gelaacht. Dës häerzeg Verbindung tëscht Mënsch an Déier, ass och eng Form vu Fleeg. 🐾

🇫🇷 Une fois par mois, nos seniors reçoivent la visite de chiens🐶, de lapins tout doux 🐰 et de cochons d'Inde trop mignons 🐹. On câline, on caresse, on nourrit, on rit. Ce lien tendre entre l'homme et l'animal, c'est aussi une forme de soin. 🐾

🇱🇺 Disponibilitéit a Frëndlechkeet stinn am Mëttelpunkt vun eiser deeglecher Betreiung.D'Zefriddenheetsenquête 2025 weis...
17/04/2026

🇱🇺 Disponibilitéit a Frëndlechkeet stinn am Mëttelpunkt vun eiser deeglecher Betreiung.

D'Zefriddenheetsenquête 2025 weist: 93 % vun eise Patienten erliewen eis Ekippen als präsent, zougänglech an opmierksam.
Dëst bestätegt, wéi wichteg eng mënschlech an engagéiert Begleedung ass.

Mir setzen eis all Dag dofir an, Iech beschtméiglech ze begleeden an eis Qualitéit kontinuéierlech ze verbesseren.

👉 All d'Resultater an d'Methodologie fannt Dir am Artikel.
🔗 https://vbk.lu/enquete-satisfaction/

🇫🇷 La disponibilité et l'amabilité sont au cœur de notre accompagnement au quotidien.

L'enquête de satisfaction 2025 révèle que 93 % de nos patients perçoivent nos équipes comme présentes, accessibles et bienveillantes.

Ce résultat souligne l'importance d'un accompagnement humain, attentif et engagé, et s'inscrit dans notre démarche continue d'évaluation et d'amélioration de la qualité.

👉 L'ensemble des résultats ainsi que la méthodologie de l'enquête sont à découvrir dans notre article dédié.
🔗 https://vbk.lu/enquete-satisfaction/

🇱🇺 Bass du mat Häerz dobäi?Bei der Verbandskëscht siche mir Leit, déi wierklech eppes bewierke wëllen, an engem Beruff, ...
16/04/2026

🇱🇺 Bass du mat Häerz dobäi?
Bei der Verbandskëscht siche mir Leit, déi wierklech eppes bewierke wëllen, an engem Beruff, wou d'Wäerter zielen.
🕘 8-Stonnen-Dag • Flexibilitéit • Weiderbildung
👉 Eis Offeren: vbk.lu/jobs

🇫🇷 Et si vous faisiez la différence ?
Chez Verbandskëscht, nous recherchons des professionnels, engagés pour des métiers où les valeurs et l’humain comptent.
🕘 Journée de 8h • Équilibre • Formation continue
👉 Offres ici : vbk.lu/jobs

🇱🇺 Great Place to Work® 2026 🏆 Verbandskëscht gouf als Great Place to Work Luxembourg 2026 ausgezeechent. Eng grouss Éie...
14/04/2026

🇱🇺 Great Place to Work® 2026 🏆

Verbandskëscht gouf als Great Place to Work Luxembourg 2026 ausgezeechent.
Eng grouss Éier, well hannert dëser Unerkennung stinn Mataarbechter, déi zanter 2005 all Dag eis Patienten begleeden, fir datt si weider doheem kënne liewen, an hirem eegene Rhythmus, mat hire Gewunnechten a bei hire Léifsten.

Dat, wat mir eise Patiente wëlle bidden, liewe mir och am Team, Respekt, Opmierksamkeet an d’Fräiheet, ganz ee selwer ze sinn.

91 % vun eise Mataarbechter fillen sech respektéiert onofhängeg vum Geschlecht.
87 % vun eise Mataarbechter soen, datt si fair behandelt ginn, egal wéi hir ethnesch Hierkonft ass.
79 % soen, datt hir Aarbecht vill méi ass wéi nëmmen eng Aarbecht.

Hannert dësen Zuele sti Fraen a Männer, déi eng Plaz fonnt hunn, wou si sech selwer kënne sinn an eng Aarbecht maachen, déi Sënn mécht.

Eng Plaz, wou d’Betreiung, déi mir eise Patiente ginn, och am Ëmgang tëscht Kolleeginnen a Kolleege gelieft gëtt. 💛


🇫🇷 Great Place to Work® 2026 🏆

Verbandskëscht est certifiée Great Place to Work Luxembourg 2026. Une fierté, parce que derrière cette reconnaissance, il y a des collaborateurs qui depuis 2005 accompagnent chaque jour nos patients pour qu'ils puissent continuer à vivre chez eux, à leur rythme, avec leurs habitudes, entourés de ceux qu'ils aiment.

Ce que nous offrons à nos patients, nous le vivons aussi entre nous : du respect, de l'écoute, et la liberté d'être pleinement soi-même.

91% de nos collaborateurs se sentent respectés quel que soit leur genre.
87% les collaborateurs sont traités équitablement quelle que soit leur origine ethnique.
79% disent que leur travail représente bien plus qu'un emploi.

Derrière ces chiffres, il y a des femmes et des hommes qui ont trouvé un endroit où ils peuvent être eux-mêmes, et faire un métier qui a du sens.

Un endroit où le soin que l'on porte aux patients se vit aussi entre collègues. 💛

🇱🇺 Weltdag vum ParkinsonParkinson verännert den Alldag, net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir hir Familljen. Mir si f...
11/04/2026

🇱🇺 Weltdag vum Parkinson
Parkinson verännert den Alldag, net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir hir Familljen. Mir si fir iech do: eng deeglech Begleedung, Fleeg doheem an eng Ekipp déi op iech oppasst — mënschlech, empathesch a mat Häerz.

📍 Den 17. Abrëll si mir mat eisem Informatiounsstand bei der Parkinson Konferenz zu Leudelange dobäi. 🕐 Ab 14:30 · Centre Culturel « an der Eech »

Kommt laanscht — mir sinn do fir iech! 🤝

🇫🇷 Journée mondiale de Parkinson
Parkinson change le quotidien, pas seulement pour les personnes concernées, mais aussi pour leurs familles. Nous sommes là pour vous : avec des soins à domicile, un accompagnement au quotidien et une équipe qui veille sur vous — humaine, empathique et avec le cœur.

📍 Le 17 avril, nous serons présents avec notre stand d'information à la Conférence Parkinson à Leudelange. 🕐 À partir de 14h30 · Centre Culturel « an der Eech »

Venez à notre rencontre — nous sommes là pour vous ! 🤝

🇱🇺 Schéin Ouschteren!Déi ganz Ekipp vun der Verbandskëscht wënscht Iech schéin Ouschteren! 🐰✨Mir sinn natierlech och iww...
06/04/2026

🇱🇺 Schéin Ouschteren!
Déi ganz Ekipp vun der Verbandskëscht wënscht Iech schéin Ouschteren! 🐰✨
Mir sinn natierlech och iwwer de Feierdeeg weiderhin fir Iech do! 💛

🇫🇷 Joyeuses Pâques !
Toute l’équipe de la Verbandskëscht vous souhaite de joyeuses fêtes de Pâques ! 🐰✨
Nous restons bien sûr présents à vos côtés, même pendant les jours fériés. 💛

Adresse

5, Rue De Turi
Livange
3317

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Verbandskëscht publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager