04/10/2024
🇱🇺 🎉 Offiziell Aweiung vun eiser Residence Récital! 🎉
Gëschter Moie gouf eis Residence Récital offiziell ageweit. Dës Geleeënheet huet vill verschidde Partner zesummebruecht: souwuel Vertrieder vun den Autoritéiten ewéi och all déijéineg, déi zum Entstoe vun eiser Residenz bäigedroen hunn.
An hirer Ried huet d'Stéphanie Rondoz, Directrice vun der Residence, d'Wichtegkeet betount, e waarme Liewensraum eis d’Awunner ze schafen, an d'Missioun vun hirem Team ënnerstrach: datt Récital sengem Numm trei bleift an eng Plaz fir en harmonescht Zesummeliewen ass.
De Laurent Guillot, Generaldirekter vun emeis, huet och déi gemeinsam Efforte gelueft, déi d'Realiséierung vun dësem héichwäertege Projet erméiglecht hunn, an huet d'Erëffnung vun der Residence Gallery zu Stroossen ugekënnegt. Den éischte Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, Maurice Bauer, huet d’Ried ofgeschloss andeems hien d'Qualitéitsalternativ ervirgehuewen huet, déi d’Residence Récital eise Senioren ubitt, an dobäi all d’Elementer vereent, fir hinnen en exzellente Service ze garantéieren, deen hire Besoinen an Erwaardungen entsprécht. 🏡
Merci un all déi, déi dozou bäigedroen hunn, dësen Dag e grousse Succès ze maachen! 🙏
Nächste Rendez-vous: 📅 Journée Portes Ouvertes: Sonndeg, den 13. Oktober, vu 14h00 bis 18h00.
🇫🇷 🎉 Inauguration officielle de notre Résidence Récital ! 🎉
Hier matin, notre Résidence Récital a été officiellement inaugurée. Cet événement a réuni des représentants des autorités et tous ceux qui ont œuvré, de près ou de loin, pour que notre résidence voit le jour.
Dans son discours, Stéphanie Rondoz, Directrice de la Résidence, a rappelé l’importance de créer un cadre de vie chaleureux pour nos résidents et a souligné la mission de son équipe : que Récital soit fidèle à son nom et soit un lieu où vivre en harmonie.
Laurent Guillot, Directeur Général d’emeis, a ensuite poursuivi en saluant les efforts conjoints qui ont permis la réalisation de ce projet aux standards élevés, et a annoncé l'ouverture prochaine de la Résidence Gallery à Strassen.
Le Premier échevin de la ville de Luxembourg, Maurice Bauer, a conclu en souligant l’alternative de qualité qu’offre la Résidence Récital à nos aînés, avec tous les éléments réunis pour leur proposer un service répondant pleinement à leurs attentes. 🏡
Merci à tous ceux qui ont contribué à faire de cette journée un véritable succès ! 🙏
Prochain rendez-vous :
📅 Journée Portes Ouvertes : Dimanche 13 octobre, de 14h00 à 18h00.