04/03/2026
Dëst Joer huet d’ 𝐊𝐨𝐧𝐟𝐞𝐫𝐞𝐧𝐳 𝐳𝐮𝐫 𝐏𝐫𝐨𝐟𝐞𝐬𝐬𝐢𝐨𝐧𝐚𝐥𝐢𝐬𝐞́𝐢𝐞𝐫𝐮𝐧𝐠 𝐯𝐮𝐧 𝐝𝐞𝐫 𝐒𝐜𝐡𝐨𝐮𝐥𝐣𝐮𝐠𝐞𝐧𝐝𝐚𝐚𝐫𝐛𝐞𝐜𝐡𝐭 schonn zur véierte Kéier d’Experten aus de Service Socio-Educatifs zesummebruecht.🙂
D’Evenement bitt all Joer eng wichteg Plattform fir Austausch, Reflexioun an d’Weiderentwécklung vun der sozial-pädagogescher Aarbecht an de Lycéeën.
Am éischten Deel hunn Dr. Jean-Marc Wagner an Nicolas Girtgen vum CePAS, e Réckbléck op d’Realisatioune vum Joer 2025 ginn an zukünfteg Projete virgestallt.
De Gilles Lacour, Commissaire du Gouvernement à l’enseignement musical, huet duerno am Kontext vun der Screen-Life Balance de Projet Creative Lab presentéiert. Ofschléissend hunn d’Fuerscher vum Institut Science & Practice éischt Erkenntnisser aus hirer Evaluatiounsstudie iwwer d’Schouljugendaarbecht an zwee Pilotlycéeën virgestallt. ✔️
Am zweeten Deel huet d’Prof. Dr. Angelika Beranek (Hochschule München) iwwert d’Liewensrealitéite vu Jonken an enger postdigitaler Welt geschwat an den Afloss vun der kënschtlecher Intelligenz op hir Entwécklung beliicht. Dës Theme goufen am Laf vum Nomëtteg an och den Dag drop an Atelieren a klenge Gruppe weider verdéift.