Ton chemin vers l’équilibre 🌿 Et ass eng Praxis déi dech neess mat dir selwer verbënnt an ankert. Ufänger häerzlech wëllkomm. Du wells um Neitste Stand bleiwen ?
🌿Yogatime t’accompagne vers plus de bien-être avec le yoga, la réflexologie et des soins holistiques. 🌿Cours, massages et produits frais, naturels et puissants. Ech sinn d’Christine,
Grënnerin vu Yogatime, säit 2010 certifiéiert a passionnéiert Yogaléierin & Reflexologin fir Erwuessener & Kanner. Yoga helleft dech méi ausgeglach ze fillen, psychësch a physëch Flexibilitéit ze trainéieren a verbe
ssert däin allgemengt Wuelbefannen well et de Nervesystem positiv beaflosst. Positiv denken, eng Intentioun setzen, Yoga-Philosophie, Otemübungen oder eng kuerz Meditatioun, fannen ofwiesselnd hier Platz an de Coursen fir d'Erfarung méi déif wéi nëmmen e kierperlechen Exercice goën ze loossen. Iwwert d’Joëren hunn ech d’Chance gehat verschidde Yogastiler kennen ze léieren an dës Diversitéit intégréieren ech fir meng Couren eenzegarteg ze gestalten. Wann d’Yogastonn dech entspant, gestärkt a positiv zugläich an den Alldag entléisst dann ass och mäin Objektiv erreecht. Mäin Diplom dee vun den internationalen Sivananda Yoga Vedanta Zentren ausgestallt gett ass Yoga Alliance accréditéiert a weltwäit unerkannt. Ech sinn certifiéiert fir Yin Yoga, Hormon Yoga (Methode nom Dinah Rodrigues, Yoga Vidya Speyer), Prenatal Yoga (Arhanta Yoga) & Kanner Yoga (Sunlight Kids Yoga, Claudia Rühle). Reflexzonemassage un de Féiss, Hänn oder am Gesicht, Klangmassagen etc kann du bequem online iwwer www.Salonkee.lu buchen. Dann hannerlooss deng e-mail Adress op www.yogatime.lu uewe bei "Newsletter". Namasté
🌿 Salle spacieuse et claire à Schwebach
🌿 En pleine nature, calme, tout en restant à 8 min à pied d’un P&R
🌿 Parfait pour ateliers bien-être ou cours dans le domaine du mouvement doux
📩 Contacte-moi pour plus de renseignements
11/07/2025
👉🏼 Tu donnes des cours dans le domaine du mouvement ou du bien-être ?
🌿 Du gëss Coursen am Beräich Beweegung oder Wuelbefanne?
🌿 E flotte Sall an der Natur mat Holzbuedem, Terrass a Wiss sicht nei Vibes! Du hues Loscht op Zesummenaarbecht?
📩 Schreif mer!
👉🏼 Une belle salle au cœur de la nature avec parquet, terrasse et grand jardin t’attend !
📩 Envie d’une collaboration ? Écris-moi !
🌿Ech proposéieren eng Sequenz vu Yoga Posen déi duerch d’Otmung verbonne ginn fir eng fléissend Praxis ze kreéieren. Duerch déi kontinuéierlech Beweegung entsteet eng Art beweegte Meditatioun déi d’Opmierksamkeet vu bausse no banne kéiert an de Gedankekarussel zum Stoë brengt bis eng ënnerlech Rouh sech installéiert.
D’Sequenzen kënnen ugepasst ginn fir Ufänger an duerch Varianten och fir geübte Praktiker interessant gemach ginn.
🌿D’Beneficer si villfälteg : kierperlech trainéiert ee seng Kraaft, Flexibilitéit an Equiliber. D’Bewegung verbessert déi allgemeng Fitness bei reegelméissegem üben. Mental fuerdert d’Synchroniséierung vun Otem a Beweegung Uechtsamkeet a reduzéiert Stress, wat Yoga zu enger exzellenter Praxis fir mentalt Wuelbefannen mécht. Zousätzlech bedeit d’Adaptabilitéit vun engem Yoga-Flow datt jiddereen, onofhängeg vum Alter oder Fitnessniveau, Beneficer fir sech erauszéie kann. Yoga bitt einfach eng holistesch Approche fir Gesondheet a Wuelbefannen.
📍Umeldung néideg*. Ufänger wëllkomm. Kleng Gruppen.
Präiss : 24€/Cours (mind. 3 Teilnehmer fir datt de Cours stattfënnt)
🌿Le yoga est une pratique ancestrale qui offre un espace pour l’introspection et le ressourcement, permettant ainsi de se reconnecter avec le moment présent. À travers les postures, les techniques de respiration et de méditation, le yoga aide à calmer l’esprit et à centrer l’attention sur l’ici et maintenant. Cette pratique peut être particulièrement bénéfique dans notre monde moderne où les distractions et le stress sont omniprésents.
🌿Le moment présent est au cœur de la pratique du yoga. En se concentrant sur la respiration et en synchronisant les mouvements avec chaque inspiration et expiration, on apprend à vivre pleinement chaque instant. Cette attitude de pleine conscience peut ensuite être transposée dans la vie quotidienne, aidant à apprécier les petites choses et à réduire l’anxiété liée aux préoccupations du passé ou aux anticipations futures. Ainsi, le yoga n’est pas seulement une activité physique, mais une philosophie de vie qui invite à vivre plus consciemment et sereinement.
Le cours de yoga doux comprend des exercices de mobilisation et de respiration, des postures de yoga simples et douces pour les articulations, effectués lentement. Des accessoires tels que des briques et des coussins sont utilisés pour rendre certaines postures plus accessibles.
Prix : 24€/cours (cours maintenu à partir de 3 participants, vous serez informés 24 heures en avance si annulation)
Inscription nécessaire*. Cours parfaitement adapté aux débutants.
👉🏼👉🏼👉🏼 Kommt mech besichen, Samsdes tëscht 10 a 14:00 an der Fuussekaul 💝
13/06/2025
💝 Och ech als Reflexologin brauch mol Reflexologie. 🦶✨
Haut war ech bei menger léiwer Kollegin Nicole – wat fir eng Wueldoot ! Et deet esou gutt, einfach mol z’entspanen, ofzeschalten an de Kierper a säin Équiliber ze bréngen.
Reflexologie ass net nëmmen meng Aarbecht, et ass och meng Selfcare. 💛
Gönns du dir och mol e Moment fir dech selwer? Du hues et der verdéngt 😌
12/06/2025
✨ 🧘♀️ Yoga am Fräien 🌿
D’Sonn déi sech leet, eng licht Brise op der Haut, d’Féiss fest um Buedem – e perfekte Moment fir sech ze spieren, roueg a verbonnen.
Ech sinn esou dankbar fir meng Yogaschüler, déi sech op dëse Raum alossen, sech selwer Zäit schenken 💛
Hei an elo. Otem fir Otem.
Merci fir är Präsenz 🙏
Christine
06/05/2025
🌿 Offiziell zertifizéiert – 300 Stonnen Formatioun an Ofschloss an der Reflexzonemassage 🌿
Ech hunn meng 300 Stonnen an der Reflexologie erfollegräich ofgeschloss an domat mäin Fachwëssen an dësem holistesche Beräich weider verdéift.
Dës Ausbildung erméiglecht mir nach méi gezielt a kompetent ze begleeden – mat engem ganzheetleche Bléck op de Mënsch a säi Wuelbefannen.
Merci un all déi mech op dësem Wee inspiréiert an ënnerstëtzt hunn 😌✨
💝 Remise de 20€ avec le code WELLKOMM20 sur christine.ringana.com sur ta première commande 🎁 + chèque cadeau de 10€ si tu tu créés ton compte client avec abonnement au newsletter avant le 13.4.25 🎁 + 5€ de cadeau de bienvenue 💝 Cela fait 3️⃣5️⃣€ en tout 🤩 Je peux t’enregistrer si tu préfères, il suffit de me contacter 🫶🏻
18/03/2025
🔹 Meld iech bei Laetitia Flammang wann dir wëllt un der Studie deelhuelen 😊 🔹
Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Yogatime Schwebach - Yoga & Reflexologie publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.
Contacter La Pratique
Envoyer un message à Yogatime Schwebach - Yoga & Reflexologie:
D’Natur vum Mënsch ass Geescht a Kierper zugläich. Dëst Zesummespill huet mech nach emmer faszinéiert.
D’Praxis vum Yoga ass méi wéi e reng kierperlechen Exercice. Yoga geet méi déif an huet bei reegelméissegem praktizéieren en Impakt op eise Nervesystem an op eist Wuelbefannen. Et ass virun allem eng ganz perséinlech Experienz...
Säit mengem alleréischte Cours sinn ech vum positiven Afloss vum Yoga iwwerzeecht. Ech war sou begeeschtert datt ech meng Praxis a mäin Wësse verdéiwe wollt an hunn eng Ausbildung zur Yogaléierin gemach.
Mat der Zäit hunn ech verschidde Yogastyler entdeckt, wéi Sivananda yoga, Jivamukti yoga, Yin yoga, Vinyasa yoga, Ashtanga yoga, Hatha Yoga… Et ass dës Diversitéit déi ech integréiere fir meng Couren ofwiesslungsräich ze gestalten.
Reegelméisseg Trainingen a Workshopen hellefen mäi Bléckfeld z’erweideren a mech drun z’erennere datt mir liewenslang Schüler sinn a bleiwen; de Yoga weist eis de Wee.
Säit 2010 sinn ech zertifiéiert Yogaléierin (RYT vun 200 Stonne am Sivananda Yoga). Den Diplom dee vun den internationale Sivananda Yoga Vedanta Zentren ausgestallt gëtt ass Yoga Alliance accréditéiert a weltwäit unerkannt.
Am Joer 2019 hunn ech eng 50 Stonne Formatioun fir Yin Yoga ofgeschloss.