Archives de la Ville de Luxembourg

Archives de la Ville de Luxembourg Vous pourrez dorénavant découvrir ici chaque dimanche un nouveau document de notre banque de donn?

🇱🇺 No zwee Joer hin an hier, fir déi richteg Plaz ze fannen gouf festgehalen d'Stater Gare an der Gemeng Hollerech, mei ...
01/11/2025

🇱🇺 No zwee Joer hin an hier, fir déi richteg Plaz ze fannen gouf festgehalen d'Stater Gare an der Gemeng Hollerech, mei genau an der Bouneweger Sektioun, ze erbauen. Als Festivitéit ronderëm d'Leeë vum Grondsteen, huet d'Stad Lëtzebuerg den 30. Oktober 1858 op e Bal an d'Märei invitéiert. Dobäi war och de Prënz Henri, Lieutenant-Représentant zu Lëtzebuerg vum Kinnek Groussherzog. Well déi éischt Gare sech am Festungsrayon befonnt huet, misst se aus Holz gebaut ginn.

🇫🇷 Après avoir hésité deux ans entre plusieurs sites d’implantation pour une gare de chemin de fer, c’est la commune de Hollerich, dans la section de Bonnevoie qui est choisie. Un bal est organisé à l’Hôtel de Ville le 30 octobre 1858, en présence du Prince Henri, Lieutenant-Représentant du roi grand-duc à Luxembourg, pour fêter la pose de la première pierre. Cette gare sera construite en bois selon la réglementation en vigueur pour les bâtiments se trouvant dans le rayon de la forteresse.

🇬🇧 After two years of deliberation between several potential sites for a railway station, the municipality of Hollerich, in the Bonnevoie district, was chosen. A ball was held at the Town Hall of Luxembourg on October 30, 1858, in the presence of Prince Henri, the King-Grand Duke's representative in Luxembourg, to celebrate the laying of the foundation stone. The station was to be built of wood, in accordance with the regulations in force for buildings located within the radius of the fortress.

🇱🇺 Erkennt Dir dëst Gebai dat haut nach an engem vun onse Stater Quartiere steet? Wësst der wéi eng vun dëse Propositiou...
25/10/2025

🇱🇺 Erkennt Dir dëst Gebai dat haut nach an engem vun onse Stater Quartiere steet? Wësst der wéi eng vun dëse Propositioune vum Joseph Jentgen zréckgehale goufen?

🇫🇷 Saurez-vous reconnaître le bâtiment, encore existant ? Laquelle de ces trois propositions de Joseph Jentgen a-t-elle été retenue?

🇬🇧 Can you recognize the building, which still exists today? Which of these three proposals by Joseph Jentgen was chosen?

🇱🇺 D’Geschicht vum ManktemZu der Analyse vun engem Dokument, gehéiert och dozou d’physesch Verfassung vum Material selwe...
11/10/2025

🇱🇺 D’Geschicht vum Manktem

Zu der Analyse vun engem Dokument, gehéiert och dozou d’physesch Verfassung vum Material selwer an Uecht ze huelen. D’Zeien ze erkennen, vu vergaangenen oder manner heefege Praxissen. Esou wéi an dësem Fall wou Timbere warscheinlech ausgeschnidde goufen, fir d’Kollektioun vun engem Passionéierten (ouni vill Respekt virum Dokument) ze vervollstännegen.

🇫🇷 L’histoire en creux

Analyser des documents d’archives, c’est aussi considérer leur état physique comme le témoin de pratiques disparues ou qui tendent à disparaître avec le changement des modes de vie. Les timbres qui étaient sur ces lettres ont été découpés pour nourrir la collection d’un passionné (peu respectueux du document).

🇬🇧 The hidden history
Analysing archival documents also means considering their physical condition as evidence of practices that have disappeared or are tending to disappear with changing lifestyles. The stamps that were on these letters have been cut out to feed the collection of an enthusiast (who has little respect for the document).

🇱🇺 Am Joer 1554 huet e Brand grouss Deeler vun der Stad Lëtzebuerg zerstéiert. Mat dëser Charte aus dem Joer 1567, versp...
04/10/2025

🇱🇺 Am Joer 1554 huet e Brand grouss Deeler vun der Stad Lëtzebuerg zerstéiert. Mat dëser Charte aus dem Joer 1567, versprecht de Philippe II de Stater Bierger fir d’Hallschent vun de Käschten opzekommen, wann se hiren Dach mat Schifer beleeën. Dëst gouf scho vum Karel V nom Brand annoncéiert, mee et ass näischt nokomm an d’Awunner hu weiderhin hir Diecher mat Stréi beluecht. Et war en uerge Brand zu Yvoix deen de Philippe II dozou bruecht huet dës Propos ze widderhuelen. Mee och hei gouf näischt Weideres ënnerholl an d’Offer gouf 1575 widderholl.

🇫🇷 En 1554, un incendie dévaste la ville de Luxembourg, détruisant une grande partie de la cité médiévale. Par cette charte du 21 octobre 1567, Philippe II promet de financer la moitié des frais pour couvrir les toits d’ardoise, une offre déjà formulée sans suite par Charles Quint. Faute d’aide, les habitants continuent d’utiliser le chaume. C’est un nouvel incendie à Yvoix qui a poussé Philippe II à réitérer la promesse, mais là encore, aucune mesure concrète n’est prise, et l’offre sera répétée en 1575.

🇬🇧 In 1554, a fire devastated the city of Luxembourg, destroying much of the medieval town. In this charter dated October 21, 1567, Philip II promised to finance half of the costs of covering the roofs with slate, an offer already made without follow-up by Charles V. Without assistance, the inhabitants continued to use thatch. It was another fire in Yvoix that prompted Philip II to reiterate this promise, but once again, no concrete measures were taken, and the offer was repeated in 1575.

🇱🇺 Veräiner, Commerce an Eenzelpersounen : vertraut eis är Archiven un!Mat der Zäit, verléiere vill Veräiner a Betriber ...
27/09/2025

🇱🇺 Veräiner, Commerce an Eenzelpersounen : vertraut eis är Archiven un!

Mat der Zäit, verléiere vill Veräiner a Betriber d’Spuere vun hirer Geschicht. Fir dass dës Geschicht awer net a Vergiessenheet geréit, invitéiere mir d’Stater Veräiner, Betriber an Eenzelpersounen, eis hir Archiven unzevertrauen, egal op se physesch oder digital sinn. Dëst zum Erhalt vun der sozialer, kultureller an ekonomescher Geschicht vun onser Stad.
Mei Infos am aktuellen CITY!

🇫🇷 Associations, commerces et particuliers : confiez-nous vos archives !

Avec le temps, de nombreuses associations et commerces perdent la trace de leur propre histoire, leurs archives s’égarant au fil des années et des mandats. Afin que cette mémoire précieuse ne disparaisse pas, nous invitons les associations, les commerces ainsi que les particuliers de la Ville de Luxembourg à nous transmettre leurs archives, qu’elles soient physiques ou numériques. Préservons ensemble l’histoire économique, sociale et culturelle de notre ville.
Plus d'informations dans l'actuel CITY!

🇬🇧 Associations, businesses and individuals: entrust us with your archives!

Over time, many associations and businesses lose track of their own history, with their archives getting lost over the years. To ensure that this precious memory is not lost, we invite associations, businesses and individuals in the City of Luxembourg to send us their archives, whether physical or digital. Let's work together to preserve the economic, social and cultural history of our city.
More information in the current CITY!

🇱🇺 Den Tour de Luxembourg 2025 kënnt muer op en Enn a mir wollten Iech zu dëser Geleeënheet de Programm vun enger Vëlosc...
20/09/2025

🇱🇺 Den Tour de Luxembourg 2025 kënnt muer op en Enn a mir wollten Iech zu dëser Geleeënheet de Programm vun enger Vëloscourse aus dem Joer 1890 proposéieren. Eng vun den éischte Coursen déi den 1884 gegrënnte Véloce-club Lëtzebuerg organiséiert huet.

Fir d’Competitioun vun 1890, gouf e mobille Vëlodrome um Glacis opgebaut. Eng Honnert Coureuren aus dem In-an Ausland hunn op verschiddenen Zorte vu Vëloen drun deelgeholl. D’Maximaldistanz louch bei 10km, fir d’Joer drop goufen awer schonn ambitiéis 100 km ugekënnegt.

🇫🇷 Le tour de Luxembourg 2025 s’achève dimanche et nous voulions partager avec vous ce programme de courses cyclistes organisées en 1890 par le Véloce-club Luxembourgeois. Il s’agit de l’une des première courses organisées par le club, fondé en 1884.
Pour la course de 1890, un vélodrome amovible a été installé sur le Glacis. Une centaine de concurrents luxembourgeois et étrangers s’affrontent sur plusieurs types de machines. On peut voir que la distance maximale des courses n’est encore que de 10 km mais dès l’année suivante, le Véloce-club annonce un projet plus ambitieux d’une course de 100 km.

🇬🇧 The 2025 Tour of Luxembourg ends on Sunday, and we wanted to share with you this program of cycling races organized in 1890 by the Véloce-club Luxembourgeois. This was one of the first races organized by
the club, which was founded in 1884.
For the 1890 race, a temporary velodrome was set up on the Glacis. Around 100 competitors from Luxembourg and abroad competed on various types of bicycles. We can see that the maximum distance of the races was still only 10 km, but the following year, the Véloce-club announced a more ambitious project for a 100 km race.

🇱🇺 En Tipp fir d’Stad Lëtzebuerg1899, huet d’Stad Lëtzebuerg decidéiert d’Gestioun vum Offall selwer an d’Hand ze huelen...
13/09/2025

🇱🇺 En Tipp fir d’Stad Lëtzebuerg

1899, huet d’Stad Lëtzebuerg decidéiert d’Gestioun vum Offall selwer an d’Hand ze huelen, virdrun hunn dat privat Firme gemaach. Dofir huet se Terrainen an der Gemeng Hollerech kaf, direkt un der Arelerstrooss, op enger Plaz déi deemools ënnert dem Flouernumm „Auf der Bark“ bekannt war. Hei koum dunn en Tipp hin, am Sproochgebrauch och Piffhaff genannt, wou mat Karen, déi vu Päerd gezu goufen, den Offall aus der Stad bruecht gouf.

🇫🇷 Un dépôt d’immondices pour Luxembourg

En 1899, la Ville de Luxembourg prend en main la gestion des déchets, jusque-là assurée par des entreprises privées. Elle acquiert des terrains sur la route d’Arlon, au lieu-dit « auf der Bark » (alors situé dans la commune de Hollerich), afin d’y aménager une décharge. Celle-ci est d’abord desservie par des tombereaux à traction animale, avant que la mécanisation ne s’impose dans les années 1920-1930.

🇬🇧 A landfill site for Luxembourg

In 1899, the City of Luxembourg took over waste management, which had previously been handled by private companies. It acquired land on the Arlon Road, at a place called “auf der Bark” (then located in the municipality of Hollerich), to develop a landfill site. This was initially served by animal-drawn carts, before mechanization became the norm in the 1920s and 1930s.

🇱🇺 D’Spillreegelen op der FouerHei e puer Spiller déi een 1891 op der Fouer konnt spillen. Verschiddener sinn haut nach ...
06/09/2025

🇱🇺 D’Spillreegelen op der Fouer

Hei e puer Spiller déi een 1891 op der Fouer konnt spillen. Verschiddener sinn haut nach populär, esou wéi den Hindernislaf oder d’Saksprangen, anerer schénge bëssen aus der Zäit. Bei wéi engem Spill géif dir dann am Léifste matmaachen?

🇫🇷 La règle du jeu

Voici à quels jeux on pouvait jouer à la Schueberfouer en 1891. Certains restent encore populaires (la course d’obstacle ou la course en sac) mais d’autres paraissent plus obscurs. Lequel de ces jeux vous attire le plus ?

🇬🇧 The rules of the game

These are the games that could be played at the Schueberfouer in 1891. Some are still popular today (the obstacle course and the sack race), but others seem more obscure. Which game would you like the most?

En Tram mat zwee Rieder ?Am Joer 1873 huet den Ingenieur Charles de Féral eng Konzessioun bei der Stad ugefrot fir en Tr...
30/08/2025

En Tram mat zwee Rieder ?

Am Joer 1873 huet den Ingenieur Charles de Féral eng Konzessioun bei der Stad ugefrot fir en Tram mat zwee Rieder a mat enger Schinn kënnen ze bauen. Dëse sollt vun der Gare, deemools nach an der Gemeng Hollerech, bis an d’Uewerstad fueren. Puer Méint méi spéit huet de Féral seng Proposen zréck gezunn an eng Konzessioun fir en amerikaneschen Tram gefrot, also en Tram wéi et en deemools a grousse Stied gouf, dee vu Päerd gezu gouf.

Un tramway à deux roues ?

En 1873, l’ingénieur Charles de Féral sollicite une concession pour installer à Luxembourg un tramway à deux roues et à voie unique. Ce projet visait à relier la gare centrale, alors située sur le territoire de Hollerich, à la Ville Haute. Quelques mois plus t**d, De Féral retire sa demande initiale pour déposer une nouvelle requête, cette fois en faveur d’un tramway de type américain. Il s’agissait d’un tramway classique pour l’époque dans les grandes villes, fonctionnant grâce à une traction animale.

🇬🇧 A two-wheeled tram?

In 1873, engineer Charles de Féral applied for a concession to install a two-wheeled, single-track tramway in Luxembourg. The project aimed to connect the central station, then located in Hollerich, to the Upper Town. A few months later, De Féral withdrew his initial application and submitted a new one, this time for an American-style tramway. This was a classic tramway for the time in large cities, powered by animal traction.

🇱🇺

🇱🇺 D’Schueberfouer gëtt säit dem 14. Joerhonnert all Joer vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert, egal ënnert wei engem po...
23/08/2025

🇱🇺 D’Schueberfouer gëtt säit dem 14. Joerhonnert all Joer vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert, egal ënnert wei engem politesche Regime. Ausser 1797, wou dëst a Fro gestallt gouf, well am neien Departement, d’administrativ Ënnerdeelunge geännert hunn an de Lampertsbierg ënnert der Juridictioun vum Kanton Hesper stoung. Hesper huet doduerch dann och an Usproch geholl, d’Fouer ze organiséieren an d’Stänn ze verdeelen. Stad Lëtzebuerg huet dëst ugefecht an duerft weiderhin d’Fouer organiséieren. Dëst huet schlussendlech d’Limitatioune vun de Kantonen a Fro gestallt.

🇫🇷 La foire de Luxembourg existe depuis le XIVe siècle et est organisée chaque année, quel que soit le régime politique auquel la ville est soumise. Seulement voilà, en 1797, le Luxembourg est devenu un département français et les circonscriptions administratives ont changé. Le Limpertsberg, où se tient la foire, est maintenant sous la juridiction d’Hespérange qui saisit l’occasion pour revendiquer l’organisation de la foire et la distribution des emplacements pour les baraques. La ville de Luxembourg ne t**de évidemment pas à protester et garde la main sur l’organisation de la Schueberfouer. Le corps législatif, quant a lui, doit rediscuter des limites des cantons.

🇬🇧 The Schueberfouer has existed since the 14th century and is held every year, regardless of the political regime under which the city is governed. However, in 1797, Luxembourg became a French department and the administrative districts changed. Limpertsberg, where the fair is held, is now under the jurisdiction of Hesperange, which seized the opportunity to claim responsibility for organizing the fair and allocating space for the stalls. The city of Luxembourg was quick to protest and retained control over the organization of the Schueberfouer. The boundaries of the cantons had to be rediscussed.

🎡 🇱🇺

🇱🇺 De 16. August ass de Gebuertsdag vum Hugo Gernsback, gebuer 1884 als Hugo Gernsbacher an der Stad Lëtzebuerg. Hien as...
16/08/2025

🇱🇺 De 16. August ass de Gebuertsdag vum Hugo Gernsback, gebuer 1884 als Hugo Gernsbacher an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass mat 20 Joer an Amerika ausgewandert wou hien eng fulminant Carrière als Editeur, Erfinder an Schrëftsteller am Beräich vun der Science-Fiction gemaach huet. Den Ursprong vum Terme "Science Fiction" get him souguer zougeschriwwen. Am Joer 2002 huet d’Stad Lëtzebuerg eng Strooss nom Hugo Gernsback benannt.

🇫🇷 Le 16 août marque l’anniversaire de la naissance de Hugo Gernsback, né Hugo Gernsbacher à Luxembourg-ville en 1884. Émigré aux États-Unis à 20 ans, il fut éditeur, inventeur et romancier de science-fiction. Il a d’ailleurs créé le terme « science-fiction ». Une rue du Kirchberg est nommée en son honneur en 2002.

🇬🇧 August 16 marks the birthday of Hugo Gernsback, born Hugo Gernsbacher in Luxembourg City in 1884. He moved to the US when he was 20 and became a publisher, inventor, and science fiction writer. He actually came up with the term “science fiction.” A street in Kirchberg was named in his honor in 2002.

Adresse

42, Place Guillaume II
Luxembourg
L-2090

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Archives de la Ville de Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter La Pratique

Envoyer un message à Archives de la Ville de Luxembourg:

Partager

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram