Cabinet de Psychologie - Xavier Krein

Cabinet de Psychologie - Xavier Krein Zéckt net mech ze kontaktéieren :) Meng Aufgab ass et, de Clienten dobäi ze ënnerstëtzen, hier psychologesch Erausfuerderunge besser ze verstoen.

Als klineschen Psycholog bidden ech psychologesch Berodung an Stressbewältegungsübungen (Opmierksamkeets- an Otemübungen, Yoga a Waldbaden) an engem waarmen a komfortabele Setting un. - LU -

Als Psycholog schaffen ech wärend menge Sëtzungen e sécheren an ënnerstëtzenden Raum, wou meng Clienten offen iwwert hier Gedanken a Gefiller op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch schwätze kënnen. Mäi therapeuteschen Usaz integréiert haaptsächlech d'Schoule wéi kognitive Verhalenstherapie, dialektesch Verhalenstherapie (DBT) an Traumatherapie. Nieft de standardméissege Gespréicher, bidden ech och verschidde Methoden zur Stressbewältegung un, wéi zum Beispill Yoga, Waldbaden an Otemübungen. Zousätzlech hëllefen praktesch Methoden dobäi, fir mam dagdeeglechen Stress méi effektiv ëmzegoen. D'Zil ass et, dat allgemengt Wuelbefannen an d'Resilienz am Ëmgaang mat den Héichten an Déifte vum Liewen ze verbesseren.

- FR -

En tant que psychologue, je crée un espace sécurisé et réconfortant lors de mes séances, où mes clients peuvent discuter ouvertement de leurs pensées et sentiments en luxembourgeois, allemand, français ou anglais. Mon approche thérapeutique intègre principalement différentes écoles telles que la thérapie cognitivo-comportementale, la thérapie comportementale dialectique (TCD) et la thérapie traumatique. Je propose également différentes approches de gestion du stress, telles que le yoga, le bain de forêt et des exercices de respiration. Mon objectif principal est de soutenir les clients à mieux comprendre leurs défis psychologiques. De plus, j'offre des méthodes pratiques qui peuvent être utilisées pour faire face plus efficacement aux difficultés quotidiennes. L'objectif est d'améliorer le bien-être général et la résilience face aux hauts et aux bas de la vie.

- DE -

Als Psychologe schaffe ich einen sicheren und unterstützenden Raum während meiner Sitzungen, in dem meine Klienten offen über ihre Gedanken und Gefühle auf Luxemburgisch, Deutsch, Französisch oder Englisch sprechen können. Mein therapeutischer Ansatz integriert verschiedene Schulen wie die kognitive Verhaltenstherapie, die dialektisch-behaviorale Therapie (DBT) und die Traumatherapie. Neben den standardmäßigen Gesprächen, biete ich auch verschiedene Ansätze zur Stressbewältigung an, wie zum Beispiel Yoga, Waldbaden und Atemübungen. Mein Hauptziel ist es, Klienten dabei zu unterstützen, ihre psychologischen Herausforderungen besser zu verstehen. Darüber hinaus biete ich praktische Fähigkeiten an, die verwendet werden können, um tägliche Schwierigkeiten effektiver zu bewältigen. Das Ziel besteht darin, das allgemeine Wohlbefinden und die Widerstandsfähigkeit im Umgang mit den Höhen und Tiefen des Lebens zu verbessern.

- EN -

As a psychologist, I create a secure and comforting space in my sessions where my clients can openly discuss their thoughts and feelings in Luxembourgish, German, French, or English. My therapeutic approach primarily incorporates various schools such
as cognitive-behavioral therapy, dialectical-behavioral therapy (DBT),
and trauma therapy. In addition to providing standard counselling, I also provide different approaches to stress management, such as yoga, forest bathing, and breathing exercises. My primary goal is to assist clients in better understanding their psychological challenges. Furthermore, I offer practical skills that can be used to handle daily struggles more effectively. The aim is to improve general well-being and resilience when dealing with the ups and downs of life.

Op der Sich no qualifizéierten Psychologen an unerkannten Psychotherapeuten?Besicht d’Internetsäit vun der Société Luxem...
20/12/2024

Op der Sich no qualifizéierten Psychologen an unerkannten Psychotherapeuten?

Besicht d’Internetsäit vun der Société Luxembourgeoise de Psychologie (SLP):
👉 https://www.slp.lu/lb-lu/

D’SLP garantéiert, datt all agedroe Member déi néideg akademesch Qualifikatiounen huet. Doriwwer eraus verpflichten all Memberen sech, den Ethik-Code vun der SLP anzehalen, fir eng professionell a qualitativ héichwäerteg Betreiung ze garantéieren.

Fir weider Froen kënnt Dir mech gären kontaktéieren oder d’SLP direkt uschreiwen.

- EN -

Looking for qualified psychologists and recognized psychotherapists?

Visit the website of the Société Luxembourgeoise de Psychologie (SLP):
👉 https://www.slp.lu/lb-lu/

The SLP ensures that all registered members have the necessary academic qualifications. Additionally, all members commit to adhering to the SLP Code of Ethics, guaranteeing professional and high-quality care.

If you have any questions, feel free to contact me or reach out to the SLP directly.

D’SLP ass déi féierend Associatioun vu Psychologen an Psychotherapeuten zu Lëtzebuerg, mat iwwer 550 Memberen. Member vun der EFPA zënter 2001.

🍂🍂🍂 Elo am Hierscht, wou Deeg erëm méi kuerz ginn, kann et sinn, datt en erëm an déi Wantermelancholie aka saisonal Depr...
25/09/2024

🍂🍂🍂 Elo am Hierscht, wou Deeg erëm méi kuerz ginn, kann et sinn, datt en erëm an déi Wantermelancholie aka saisonal Depressioun, fält.

Hei si 5 Strategien, wéi e gutt doduerch kennt:

☀️🌳 --> Maximiséier deng Zäit dobaussen an der Sonn: Maach et zu enger Routine bei all Geleeënheet spadséieren ze goen. Et empfeelt sech de Bësch, den ënnert anerem de Virdeel huet, datt säin natierlechen Setting berouegend op eis wierkt.

🧘‍♂️✨ --> Üb dech an Achtsamkeet an an der Meditatioun, fir am Hei an Elo ze liewen. Esou reduzéiers du déi negativ Gedankenspiral a Grübeltendenzen.

🤗 👫 --> Treff dech mat aner Leit. E stabillen an ënnerstëtzenden sozialen Netzwierk ass e gudde Schutzfaktor géint vill psychesch Erkrankungen.

💊 🌞 --> Spill mat der Iddi zousätzlech Vitamen D Pëllen ze huelen. Ëmfro dech beim Dokter.

💬 🧠 --> Falls deng Stëmmung sech wieder verschlechtert, huel Dir Ënnerstëtzung bei engem Psycholog oder Psychotherapeut, de mat Dir déifgräifend Schwieregkeeten exploréiert.

📢 Natierlech ass déi Lescht net exklusiv. Mat Kreativitéit kann se vun Dir mat all den Aktivitéiten vervollstännegt ginn, déi Dir op laangzäit(!!!) gutt dinn (Oppassen, heimadder sinn zB keng Reckzuchstendenzen oder Substanzkonsum gemengt!)

Falls Du nach Froen hues, looss et mech wegl wësse 😊

Credit vun de Biller: Ling Heng Swee

Big milestone update! 🌟- LU - Nodeems ech am Februar e vu menge gréissten Dreem nokomm sinn a meng eege Praxis opgemaach...
03/09/2024

Big milestone update! 🌟

- LU -

Nodeems ech am Februar e vu menge gréissten Dreem nokomm sinn a meng eege Praxis opgemaach hunn, erfëllen ech mer elo den nächste Meilesteen.

Ganz nom Motto "Invest in your Education" hunn ech dës Woch mat menger Ausbildung zum Psychotherapeut ugefaangen. Wärend 3 Joer wäert ech a villen Beräicher staark gefuerdert ginn (an eventuell och u meng Grenze kommen), mee ech gesinn dëst ganz enthusiastesch entgéint!

Nieft der perséinlecher Weiderentwécklung, freeën ech mech ausserdeem drop meng berufflech Kompetenze weider auszebauen an ze verfeineren. Dëst erméiglecht mer psychologesch a psychotherapeutesch Ënnerstëtzung u vill méi Leit unzebidden, déi sech a belaaschtenden Liewensphase befannen.

Ech soen Merci fir déi ganz Ënnerstëtzung 🤗🤗🤗

- EN -

After fulfilling one of my biggest dreams by opening my own practice in February, I'm now pursuing the next milestone.

Following the motto "Invest in your education," I started my training to become a psychotherapist this week. Over the next 3 years, I will be strongly challenged in many ways (and possibly pushed to my limits), but I'm looking forward to this with great enthusiasm!

Along with personal growth, I'm also excited to further expand and refine my professional skills. This will enable me to offer psychological/psychotherapeutic support to even more people going through challenging life phases.

Thanks for all the support 🤗🤗🤗

🤔🤔 Wosst Dir schonn?💡💡 Datt den ONE (Office national de l'Enfance) d' Käschte vun de Sëtzunge beim Psycholog a Psychothe...
30/08/2024

🤔🤔 Wosst Dir schonn?

💡💡 Datt den ONE (Office national de l'Enfance) d' Käschte vun de Sëtzunge beim Psycholog a Psychotherapeut entweder ganz oder deelweis iwwerhuelt.

De Psycholog oder de Psychotherapeut muss en Agrement beim ONE hunn an Dir dierft net méi al wéi 27 sinn.

📢📢 Méi Informatiounen ënnert : https://www.officenationalenfance.lu/ (hei fann Dir och eng Lescht mat de Psychologen/Psychotherapeuten)

Oder

📞 +352 621 640 980
📍 20, rue Henri Kirpach L-8237 Mamer
📧 cabinetkrein@gmail.com
📸 Instagram:

Avec l’aide de nos experts interdisciplinaires, nous sommes aux côtés des enfants, des jeunes et des familles au Luxembourg et proposons des mesures d’aide pour protéger le bien-être de l’enfant. Par notre action, nous visons une collaboration volontaire avec les familles, en les accompagn...

🚙🏠🛋️ Psychologesch Berodung och bei Iech doheem 🚙🏠🛋️Wann Dir aus iergend engem Grond Schwieregkeeten hutt, fir Iech ze d...
14/08/2024

🚙🏠🛋️ Psychologesch Berodung och bei Iech doheem 🚙🏠🛋️

Wann Dir aus iergend engem Grond Schwieregkeeten hutt, fir Iech ze deplacéieren, kënne psychologesch Sëtzungen och bei Iech doheem stattfannen.

🎯Zil:

🔹 Psychologesch Ënnerstëtzung kréien, och wann Dir Äert Haus am Moment net verloosse kennt;
🔹Strategien doheem léieren an uwenden, fir mat der belaaschtender Situatioun besser eens ze ginn.

📖Wéi gi mer dobäi vir?

An enger éischter Phase léiere mer eis kennen a kläre wéi eis Zesummenaarbecht (géigesäiteg Erwaardungen) kéint ausgesinn. Ausserdeem huele mer eis Zäit fir iwwer Är allgemeng Grënn (psychesch Uleies a Wënsch) fir eng psychologesch Berodung ze schwätzen.

An der nächster Phase stelle mer en novollzéibaren Erklärungsusaz an e Behandlungsplang zesummen, de mat Iech aktiv zesumme gestallt gëtt.

Doropshi wende mer Schrëtt fir Schrëtt evidenz-baséiert Behandlungsmethoden un, déi Är psychesch Belaaschtungen no an no reduzéieren.

De stännegen Dialog tëschent Iech a mir verséchert eis, ob mir um "richtegen" Wee sinn oder ob mir eis Virgoen un déi nei Gegebenheeten adaptéiere sollen.

Iwwerall gëllt de Grondsaz: Et geschitt näischt ouni Är Zoustëmmung!

🛋️ Standart psychologesch Sëtzungen fannen weiderhin am Cabinet de Psychologie um Mamerhaff statt.

Falls Dir an enger Situatioun sidd, wou Dir aktuell net an de Cabinet kënnt kommen an Dir méi Informatiounen iwwer d’Virgoe wëllt, kënnt Dir mech wéi follgend kontaktéieren:

📞 +352 621 640 980
📍 20, rue Henri Kirpach L-8237 Mamer
📧 cabinetkrein@gmail.com
📸 Instagram:

🤔 Wat erwaart Iech bei enger psychologescher Berodung?🔁Psychologesch Berodung = transparenten an dynamesche Prozess, de ...
16/06/2024

🤔 Wat erwaart Iech bei enger psychologescher Berodung?

🔁Psychologesch Berodung = transparenten an dynamesche Prozess, de vun Iech aktiv an eegeverantwortlech matgestalt gëtt:

🤝Et geschitt näischt ouni Är Zoustëmmung!

⁉️ Wat bedeit dat genau ⁉️

📆Eicht Gespréich:

🔹Kenneléieren = Wéi kéint Zesummenaarbecht ausgesinn (Klärung vun de géigesäitegen Erwaardungen)?

🔹Allgemeng Grënn (psychesch Uléien a Wënsch) vum Opsiche vun der Berodung erläuteren;

🔹Allgemeng Virgoe virstellen, dat heescht: net nëmmen „iwwert de Problem” schwätzen, mee och praktesch orientéiert Interventiounen (zB: Imaginatiouns-, Stabiliséierungs-, Achstamkeitsübungen) untrainéieren;

🛋️Nächst Sëtzungen:

🔹individuellt ëmfaassend Problemverständnis zesummen hierstellen (den Zesummenhang vun de Schwieregkeeten an d‘Auswierkungen op Äert Liewen) an domadder de Haaptpilier vun der Berodung festleeën;

🔹Allgemeng Wënsch schrëttweis a präzis an novollzéibar Ziler ëmformuléieren;

🔹Vu breet ugeluechte Behandlungsmethoden zu ëmmer méi spezifesch a perséinlech Bewältegungsstrategien iwwergoen, déi sech kontinuéierlech un Är aktuell Lag an Tempo upassen;

🔹eicht Erfarunge mat den ugewante Methode sammelen;

🔹Gläichzäiteg ëmmer erëm kucken op Zesummenaarbecht klappt.

🎯Zil vun der Berodung:

Gemeinsaamt a verständlecht Erklärungsmodell vun der aktueller Gegebenheet entwéckelen, wourauser sech perséinlech Strategien erginn, vir Belaaschtungen ze reduzéieren an e Gläichgewiicht am Liewen eegestänneg hierzestellen an oprecht ze halen.

⏱️Zäitintervall an Dauer:

🔹Dauer vun enger Sëtzung ongeféier 50 Minutten;

🔹D’Heefegkeet vun de Sëtzunge ginn un Ären Tempo, Bedürfnisser a Liewenssituatioun ëmmer erëm ugepasst, mee et ass eng Reegelméissegkeet ze empfeelen.

👛Käschten:

🔹Psychologesch Berodung gëtt net vun der CNS iwwerholl (net wéi eng Psychotherapie);

🔹100€ pro Sëtzung;

🔹Wann Dir manner wéi 27 Joer sidd, da kennt Dir Iech beim Office national de l’Enfance informéieren. Déi hunn eng ganz Panoplie u Psychologen/Psychotherapeuten, wou Käschte vun de Sëtzunge vum ONE zum Deel iwwerholl ginn.

🔏Berufflech Vertraulechkeet:

🔹All Informatioun gëtt wäertfräi a vertraulech behandelt;

🔹Falls et sënnvoll gëtt aner Professionell anzebezéien, gëtt dëst explizit zesummen iwwer d’Virgoen ofgeschwat.

🥇Qualitéitsgarantie:

Reegelméisseg bilden ech mech duerch Fachliteratur weider. Zousätzlech huelen ech u Fortbildungen, Workshops an Supervisiounen deel, déi mech net nëmmen op den néiste Stand vun de Behandlungskonzepter setzen, mee och mäi Pool u Methoden erweidert.

🌊 Falls Dir Am Moment duerch eng schwiereg Liewensphase gitt, zéckt wegl net mech ze kontaktéieren. Zesumme kucke mer wéi mer virginn!

🐚 Kontakt:

☎️ + 352 621 640 980
📍 20, rue Henri Kirpach L-8237 Mamer
✉️ cabinetkrein@gmail.com
➡️ Instagram: xkrein

🌿 Wëllkomm a menger psychologescher Praxis um Mamerhaff 🌿 🧘 Als diploméierte klinesche Psycholog schafen ech wärend meng...
02/06/2024

🌿 Wëllkomm a menger psychologescher Praxis um Mamerhaff 🌿


🧘 Als diploméierte klinesche Psycholog schafen ech wärend menge Sëtzungen e sécheren, ënnerstëtzenden a wäertfräie Raum, wou Dir offen iwwert Är Gedanken a Gefiller op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch schwätze kënnen.

🧠 Meng therapeutesch Usätz:

🔹kognitive Verhalenstherapie,
🔹 dialektesch Verhalenstherapie (DBT),
🔹Traumatherapie.


🌟 Mäi Bestriewen:

🔹 Iech ze ënnerstëtzen, Är psychesch psychologesch Erausfuerderunge besser ze verstoen;
🔹evidenzbaséiert Interventiounen unzebidden, déi op dës Schwieregkeeten ugepasst sinn;
🔹 praktesch Methoden zur Selbstvorsorge a Stressbewältegung auszeschaffe vir mam dagdeegleche Stress méi effizient ëmzegoen.

🤝 Eist gemeinsam Zil:

🔹Äert allgemengt Wuelbefannen an d'Resilienz am Ëmgaang mat den Héichten an Déifte vum Liewen ze verbesseren.


🌊 Falls Dir Am Moment duerch eng schwiereg Liewensphase gitt, zéckt wegl net mech ze kontaktéieren. Zesumme kucke mer wéi mer virginn!

🐚 Kontakt:

☎️ + 352 621 640 980
📍 20, rue Henri Kirpach L-8237 Mamer
✉️ cabinetkrein@gmail.com
➡️ Instagram: xkrein

❗️Sollts du dech ugesprach fillen, dann ass et wichteg ze wëssen: et gëtt Hëllef!☎️ Zéck wegl net mech bei dëse belaasch...
24/05/2024

❗️Sollts du dech ugesprach fillen, dann ass et wichteg ze wëssen: et gëtt Hëllef!

☎️ Zéck wegl net mech bei dëse belaaschtende Symptomer ze kontaktéieren.

🔎 An engem sécheren a wäertfräie Raum huele mer zesummen dës Symptomer ënnert Lupp. Mer kucken eis u wou se hierkommen a wat se wëlle matdeelen.

🧘 Et ginn evidenzbaséierten Technike, déi mer dann uwende, vir datts Du erëm en ausbalancéiert Liewe féiere kanns.

10/05/2024

Et ass wichteg iwwer mental Gesondheet ze schwätzen – grad während dem Mental Health Awareness Month. Wisou?

Dat spigelt sech an de Statistiken ënnendrënner widder.

Deng Wierder kënnen engem hëllefen, deen dréngend Hëllef brauch. Loosst eis zesummen d’Schweigen a soumat den Tabu ëm dëst Thema briechen.

07/05/2024

Adresse

Rue Henri Kirpach
Mamer
8237

Webseite

Benachrichtigungen

Lassen Sie sich von uns eine E-Mail senden und seien Sie der erste der Neuigkeiten und Aktionen von Cabinet de Psychologie - Xavier Krein erfährt. Ihre E-Mail-Adresse wird nicht für andere Zwecke verwendet und Sie können sich jederzeit abmelden.

Die Praxis Kontaktieren

Nachricht an Cabinet de Psychologie - Xavier Krein senden:

Teilen

Share on Facebook Share on Twitter Share on LinkedIn
Share on Pinterest Share on Reddit Share via Email
Share on WhatsApp Share on Instagram Share on Telegram

Kategorie