10/05/2026
✨ Soundbath & Méditation guidée an der Kirch Sainte Barbe zu Lasauvage ✨
Mir freeën eis immens, Iech op eng nei Editioun vun eiser guidéierter Meditatioun anzelueden – dëst Kéier an engem ganz besonnesche Kader: der Église Sainte Barbe zu Lasauvage 🤍
Während dësem besonnesche Moment begleede mir Iech duerch eng douce guidéiert Meditatioun, déi Iech hëlleft zur Rou ze kommen, lasszeloossen an nees méi déif mat Iech selwer a Verbindung ze trieden.
D’Meditatioun gëtt begleet vun den heilsame Kläng vu Klangschuelen, Kristallkläng an dem Gong, deenen hir sanft Vibratiounen Kierper, Geescht a Séil an Harmonie bréngen kënnen ✨
D’Kierch ass dobäi net zoufälleg gewielt ginn. Si dréit eng ganz Energie vu Rou, Déift a Verbonnenheet an sech. Zënter Joerhonnerte sinn Kierchen Kraaftplazen, wou Mënschen zesummekommen, fir ze spieren, ze heelen an sech mat eppes méi Grousses ze verbannen. Déi eenzegaarteg Akustik an déi roueg Atmosphär vun der Église Sainte Barbe maachen dëse Moment nach méi intensiv a magesch – wéi eng kleng Paus ausserhalb vum Alldag🤍
An dësem eenzegaartege Raum invitéiert dëse Soundbath Iech:
✨ den Alldag fir ee Moment hannert Iech ze loossen
✨ nei Energie ze tanken
✨ bannenzeg Rou a Gläichgewiicht ze fannen
✨ Iech vun de Kläng an der Stëmm vun der Meditatioun droen ze loossen
Keng Vorkenntnisser néideg – just d’Loscht, Iech selwer eng douce a regeneréierend Paus ze schenken 🤍
📍 Église Sainte Barbe – Lasauvage
📅 Sonndeg, den 28.06.26
🕒 15h00 – 16h30
Christelle & Maryse