
09/08/2025
« An eiser Formatioun, déi e Master-Niveau huet – do si mer geléiert ginn en osteopatheschen Diagnostik ze maachen. Dat heescht mat eisen Hänn spiere mer, wou d’Blockagen an d’Spannunge sinn. Virdrun hu mer eng korrekt Analys vum Patient gemaach: wat seng Antecedante sinn, wéi säi Gesondheetszoustand ass. An op Basis dovunner wësse mer och, ob mer traitéieren. Wann eppes net kloer ass, da schaffe mer complementaire mat Generalisten an anere Spezialisten. »
De Beruff vum Osteopath ass nach "relativ" nei. An awer zielt Lëtzebuerg mëttlerweil 397 Osteopathen. https://www.rtl.lu/news/national/a/2327578.html?utm_source=facebook