07/02/2024
Hei en interessanten Artikel iwwer de Metier vun der Iwwersetzung an Zäiten, an deenen ëmmer méi op kënschtlech Intelligenz zeréckgegraff gëtt. Vill Texter, déi mat engem KI-Programm iwwersat goufen, gesinn op den éischte Bléck „gutt“ aus, mee dat täuscht. Professionell Iwwersetzer*innen, déi hiert Handwierk geléiert hunn an an hir Mammesprooch iwwersetzen, géifen den Text ganz anescht formuléieren. Oft erkennt ee bei automateschen Iwwersetzungen d'Sazstruktur vum Ausgangstext, d'Zäite si falsch, well se an deenen eenzele Sproochen anescht benotzt ginn (z. B. Passé composé vs. Imparfait), oder Terme si carrément falsch iwwersat (avocat -> Avocado/Anwalt). Alles an allem liest sech den Text net wéi idiomatesch, natierlech Sprooch. Bei enger Iwwersetzung geet et net just drëm, Wierder vun enger Sprooch an eng aner ze iwwerdroen, mee oft ass och technescht an/oder kulturellt Wësse gefrot. Vum Fait, dass Leit hir Liewensgrondlag mat esou Programmer entzu kréien an dass Aarbechtsplaze verluer ginn, guer net ze schwätzen. Kee Mënsch gëtt gär duerch eng Maschinn oder e Computerprogramm ersat. Scho guer net, wann d'Resultat méi schlecht ass ewéi bei „mënschlechen“ Iwwersetzer*innen oder anerem Fachpersonal. Wann op esou Programmer zeréckgegraff gëtt, da sollt wéinstens eng kompetent Persoun – dat heescht, ee mat qualifizéierte Kommunikatiounskenntnisser, deen d'Zilsprooch op Mammesproochenniveau beherrscht – den Text iwwerliesen an a Form bréngen. Anerersäits riskéiere mer eng Uniformiséierung a Veraarmung vun der Sprooch, an dat wier immens schued.
Particulièrement présents au Luxembourg en raison du multilinguisme qui caractérise le pays, les traducteurs-interprètes observent de près le déploiement de l’intelligence artificielle.