
22/07/2025
⭕️🕯Katibasti & Infrarouttherapie: déi perfekt Kombi géint Réckwéi!
Hues du heiansdo mat Réckwéi, Muskelverspannungen oder Bandscheiweproblemer ze kämpfen? Dann probéier de Katibasti. Bei der Behandlung gëtt e Rank aus Kicherierbsemiel um Réck (meeschtens am Lumbo-Sakralberäich) placéiert. An dëse Rank gëtt waarme Kraiderueleg geschott, deen ongefeier 20 Minutten and Geweebe andrengt an zilgeriicht hëlleft bei Schmäerz a Verspanungen. Dobäi gëtt och eng Infraroutluucht benotzt. Dat stimuléiert d’Bluttzirkulatioun, ënnerstëtzt d’Regeneratioun vum Geweebe a verstäerkt d’Wierkung vum Kraiderueleg. Duerno: eng entspanend Réckemassage💆♀️
📩 Schreif mir fir een Termin oder falls dir weider Informatioune braucht